Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Bachelor: Musekspedagogik-Studium fänkt am Hierscht un

Museksunterrecht

Neie Bachelor: Musekspedagogik-Studium fänkt am Hierscht un

Am Hierscht gëtt fir d'éischte Kéier e Bachelor fir Musekspedagogik hei am Land ugebueden, seet den Direkter vum Stater Conservatoire Marc Meyers. Säin Haus géif fir déi nächst Rentrée zesumme mat der Uni Lëtzebuerg esou e Studiegang ubidden.

auto_stories

2 min

De Marc Meyer ass Direkter vum Stater Conservatoire

De Cours géif sech an éischter Linn u Jonker riichten, dei wëlle Museksproff ginn, esou de Marc Meyers:

"Et ass mer net baang, datt mer Clienten kréien, wann ech gesinn, datt mer vun eise Laureaten vum Diplome superieur der ganz vill hunn, déi sech duerno an der professioneller Welt erëmfannen, an hautdesdaags sech och am Enseignement erëmfannen. Dat ass eng ganz gutt Saach, datt en Interêt do ass. Fir also net ze soen 'Ech wollt éischt Trombonn, oder éischt Géi bei de Philharmoniker ginn, mee et huet net geklappt, dofir ginn ech an den Enseignement'. Nee, et gi vill leit, déi wierklech hir Vocatioun am Enseignement gesinn, déi wëllen déi Wäerter, an hir Léift fir déi Musek weider ginn. An dann ass dat hei eng Plaz, wou se dat kenne léieren."

De Bachelor-Label wier wichteg fir datt d'Coursen, déi hei am Land ugebuede ginn, och am Ausland unerkannt ginn, esou de Marc Meyers.

"Mir gesinn, datt eisen héchsten Diplom hei am Land, den Diplome superieur, den duerch d'Gesetz vun 1998 gereegelt ass, zwar eng Attestatioun vun engem gewësse Niveau duerstellt, awer kee Label. Mir sinn also net am Enseignement superieur a mir hu keng Etikett drop, déi eis an engem Erasmus-Programm, an enger Héichschoul-Dimensioun ECTS-Punkte ka garantéieren."

Fir iwwer e Master-Cours nozedenken, wier et am Moment awer nach ze fréi.