Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Camp zu Athen

Flüchtlingen

Neie Camp zu Athen

Griicheland huet Problemer fir d'Flüchtlingskris logistesch ze meeschteren. Deen neien Eleonas-Camp weist, wéi politesche Wëllen d'Situatioun ka verbesseren.

Pia Oppel zu Athen

auto_stories

5 min

Kanner am Eleonas-Camp

An de leschte Méint hunn Honnerte Flüchtlingen am Athener Areos-Park an Zelter gelieft. Ouni Accès zu enger Grondversuergung, wéi Toiletten oder medizinescher Betreiung. D’Situatioun huet sech elo verbessert. Mëtt August gouf een neie Flüchtlingscamp an der griichescher Haaptstad ageriicht. De Camp am Quartier “Eleonas” erlaabt et de Flüchtlingen sech e puer Deeg ausrouen, éier hir Rees an aner europäesch Länner weider geet. 

Kee pikeschen Drot, mee eng kleng Mauer trennt deen neie Flüchtlingscamp vun der Baussewelt, eng Industriezone un der Nord-westlecher Peripherie vun Athen. D’Entrée ass eng elektresch Paart, déi di ganzen Zäit op an zou geet. D’Flüchtlinge kënne ran a raus goen, wéi se wëllen, wa si engem Sozialaarbechter un der Dier hir Dokumenter weisen. Meeschtens bleiwe si just e puer Deeg hei. Hiert Zil sinn déi westeuropäesch Länner.

D’Flucht vun enger Koppel aus Afghanistan

De Ramin Sultankhil a seng Fra Nafasis wëllen an Däitschland eng Asyldemande maachen. Déi zwee Afghanen hunn hiren Zuchticket fir op Thessaloniki scho kaf – vun do aus wëllen si iwwer Mazedonien, Serbien an Ungarn an Däitschland reesen. Jo, si hätten héieren, dass besonnesch de Passage duerch Ungarn schwiereg wär, äntwert de Ramin. “Mir kruten d’Tickete gëschter. Mir hunn net genuch Sue fir eppes aneres ze maachen. Mir musse Griicheland an 30 Deeg verloossen. Mir hu keen anere Choix.” Am meeschte Suerge géife si sech maachen, well d’Nafasis schwanger ass.

De Ramin huet an der nord-afghanescher Stad Masar i Sharif Medizin studéiert, a seng Fra huet eng Ausbildung als Journalistin gemaach. Hien ass Sunnit, si ass Schiitin – béid Famillje waren géint ee Bestiednes.

“Enges Dages huet d’Nafasis mech ugeruff a mir gesot, dass säi Papp hatt mat engem räichen, ale Mann wéilt bestueden. Ech sot him, lee däi Kapp a rou, ech fannen eng Léisung. Ech hunn alles versicht a krut dunn ee Visa fir hatt, fir ee Studium an der Tierkei.” D’Koppel wollt net an Indien oder an den Iran goen, well si do net sécher genuch gewiecht wären. “Menger Fra hire Monni ass immens geféierlech an huet vill Muecht am Afghanistan. Den éischte Choix war dunn, fir an d’Tierkei ze goen.”

Vun der Tierkei sinn de Ramin an d’Nafasis iwwer d’Mëttelmier op Lesbos geflücht. Op der griichescher Insel wier den Openthalt, anescht wéi am Eleonas-Camp, komplizéiert gewiescht, seet de Ramin. Si hätten an engem Zelt iwwernuecht, an et wier schwéier gewiescht Toiletten, medizinesch Betreiung, Liewensmëttel oder zouverlässeg Informatiounen iwwer d’Prozeduren ze fannen.

Onkoordinéierten Accueil

Deen Androck confirméiert den Adjoint vum griicheschen Ombudsman. De Vasileios Karydis ass bei der onofhängeger Autoritéit zoustänneg fir Mënscherechtsfroen. Op den Inselen Lesbos, Leros a Kos wier den Accueil an de leschte Méint komplett onkoordinéiert gewiescht. Et hätt u Personal gefeelt, an deels och u politeschem Wëllen.

Als Beispill nennt de Vasileios Karydis d’Retarden op Kos, wéinst dem Equipement, wat genotzt gëtt fir d’Flüchtlingen z’identifizéieren. Dem europäesche Recht no missten déi lokal Autoritéiten dat assuréieren. “Op Kos gouf et just zwou Maschinnen, déi d’Police fir d’Identifikatioun notzt. An eng war futti. Dat war d’Excuse: et gëtt Retarden, well just eng Maschinn funktionéiert. Dat ass absurd.”

Eleonas-Camp

A Griicheland sinn der UN-Flüchtlingsagence no dëst Joer iwwer 258.000 Flüchtlingen ukomm. Bal d’Halschent dovunner eleng am August. Déi griichesch Autoritéiten géife sech weiderhin schwéier de Flüchtlingsaccueil un dës Erausfuerderung unzepassen, seet den Vasileios Karydis.

Mee den Eleonas-Camp géif weisen, dass d’Situatioun sech ka verbesseren, wann de politesche Wëllen do wär. “An deem heite Fall war den Drock grouss, well d’Leit am Park am Stadzentrum iwwernuecht hunn. D’Stad Athen huet dorobber eng positiv an effizient Äntwert fonnt. D’Verwaltung war fir eng Kéier wierklech gutt coordinéiert. Et ass ee Beispill, wéi een et soll maachen, matten an deenen Dysfonktionnementer, déi et soss ginn...”

Oppe Strukturen

D’Tasia Christodoulopoulou war bis zum rezente Récktrëtt vun der Regierung vum Premier Alexis Tsipras als Vize-Ministesch fir d’Immigratioun zoustänneg. Zoue Strukturen fir Flüchtlingen wieren wéint den aktuelle Flüchtlingsstréim keng Optioun méi, sou d’Politikerin, déi bei de Wahlen vum 20. September nees fir déi lénk Syriza-Partei kandidéiert.

Si schwätzt sech fir weider oppen Zentren zu Athen an zu Thessaloniki aus, mécht sech awer Suergen, datt Mazedonien seng Grenzen wëll zoumaachen. Wann déi vill Flüchtlinge laangfristeg a Griicheland misste bleiwen, missten aner Léisunge fonnt ginn, seet d’Tasia Christodoulopoulou.

Am Flüchtlingscamp vun Eleonas ass Plaz fir ronn 700 Mënschen. Si liewen a klenge Container-Haiser, mat Klimaanglag an engem eegene Buedzëmmer. Fir medizinesch Versuergung an zwee Mol Iessen den Dag ass gesuergt. Fräiwëlleger besichen de Camp, ënner anerem fir Aktivitéite mat Kanner ze maachen.

Eng 30 Kanner am Alter vun 3 bis 10 spillen an engem groussen Zelt, si hu Krounen aus Pabeier gebastelt, a Biller vum Mier gemoolt - d’Chrystalenia, eng griichesch Schülerin, ass mat hirer Mamm an den Eleonas-Camp komm, fir sech ee Mëtten ëm d’Flüchtlingskanner ze këmmeren.

“Mir kommunizéieren mat Gesten an Zeechen, heiansdo kommen och Iwwersetzer hëllefen, a mir ugefaang e bessi Farsi ze léieren.” Mee méi wéi e puer Deeg bleiwen d’Flüchtlingen net zu Athen. De Ramin an d’Nafasis sinn deen Dag drop schonn op hirem Wee an hir Wonsch-Heemescht Däitschland.