De Code de procédure penale, deen zënter Enn Abrëll applizéiert gëtt, ersetzt deen ale Code d'instruction criminelle. Mam neie Gesetz gi véier europäesch Direktiven ëmgesat, déi tëscht 2010 an 2013 decidéiert goufen, esou de Procureur d'Etat adjoint Georges Oswald. Dës betreffen ënner anerem d'Recht am Kader vu penale Prozeduren:
- op Interpretatioun an Traductioun
- op Informatioun zu Gonschte vun de Leit an de penale Prozeduren
- op en Affekot
- op déi minimal Rechter, déi Affer mussen hunn
An der Praxis hätt awer schonn e groussen Deel vun de Rechter bestanen, well d'Justizautoritéiten d'Ännerungen duerch europäesch Texter schonn antizipéiert gehat hätten, seet de Procureur d'Etat adjoint.
Verschidden Dispositiounen am neie Gesetz solle garantéieren, datt eng suspekt oder eng ugeklote Persoun oder en Affer, fréizäiteg Accès op den Dossier an op en Affekot kéinte kréien. Dat seet de Rapporter vum Gesetz, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. Hie verweist och op d'Fro vun der Iwwersetzung an der Interpretatioun.
"Fir datt d'Justiz fir jidderee kann accessibel sinn. Datt d'Leit, déi mat der Justiz konfrontéiert sinn, wëssen ëm wat et geet."
Interpretatioun an Traductioun
Deen neie Code de procédure pénale gesäit doriwwer eraus vir, datt eng Persoun, wa se verhaft gëtt, schrëftlech muss iwwer hir Rechter opgekläert ginn. Dat nach virun dem éischten Interrogatoire.
Eng aner Neierung ass, datt eng inculpéiert Persoun och d'Recht huet, all d'Dokumenter an enger Sprooch kënnen ze consultéieren, déi si versteet. Doriwwer eraus huet d'Persoun e Recht op en Dolmetscher, fir kënne mat hirem Affekot oder den Enquêteuren ze kommunizéieren, wa se kee Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch versteet.
Konsequenze vun Iwwersetzungsfeeler?
Dës Moossnam hat de Pascal Riquier, de President vun der Policegewerkschaft SNPGL, ufanks Juni vis-à-vis vun RTL kritiséiert. D'Mesure géing vill Opwand mat sech bréngen an et kéinte sech Formfeeler duerch eventuell Feeler an der Iwwersetzung aschläichen. Doduerch kéint d'Enquête riskéieren irrecevabel ze ginn, esou deemools de President vun der Policegewerkschaft.
De Procureur d'Etat adjoint Georges Oswald huet mat um neien Text geschafft. Hie verweist dorop, datt zu Lëtzebuerg dräi administrativ Sprooche gesetzlech festgehale sinn - Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. "Mir géifen ongëlteg Prozedure riskéieren, wann d'Police offiziell Texter op enger anerer Sprooch géif verfaasse wéi déi, déi offiziell zoulässeg sinn." Och Privatpersoune kënnen dem neie Code de procédure penale no kuerzfristeg als Dolmetscher assermentéiert ginn. Dat soll dem Georges Oswald no awer d'Ausnam sinn.
Fir de Fall vun engem Abus, wann eng Persoun am Interrogatoire géing uginn, datt se weder eng vun den dräi Amtssproochen, nach den Dolmetscher géing verstoen, wier iwwerdeems eng Moossnam am Text virgesinn, seet de Georges Oswald.
"Wa sech herno erausstellt, datt déi betraffe Persoun wuel alles verstanen huet wat se gesot kritt huet, da ka se ausnahmsweis dozou veruerteelt ginn, all d'Interpretatiouns - an Traduktiounsfraisen z'iwwerhuelen. Normalerweis sinn déi zu Laaschte vum Staat."
Bei exotesche Sprooche sichen d'Justizautoritéiten am Ausland no engem Dolmetscher, deen déi betreffend Sprooch versteet.
Informatiounszougang
Den SNPGL-President huet kritiséiert, datt d'Polizisten, déi all Dag mam Code de procédure penale misste schaffen, am Virfeld net adequat iwwer deen neien Text informéiert gi wieren.
Et wier net méiglech gewiescht, d'Basis vun de Poliziste méi frei iwwer d'Ännerungen z'informéieren, déi den neien Text virgesäit, seet den Yves Marson. De Commissaire divisionnaire adjoint vun der Police huet mat um Text geschafft a këmmert sech aktuell ëm déi policeintern Ëmsetzung vum neie Code.
Bis elo war eng Formatioun de véierte Mee, un där 250, bis 400 Polizisten Deel geholl hunn. Et sinn nach zwou weider Formatioune fir dëst Joer geplangt, esou den Yves Marson. Och dräi weider Informatiounsversammlunge si geplangt.