Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Echo - Fire Burning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Kader fir Immobiliëkreditter

Immobiliëkreditter

Neie Kader fir Immobiliëkreditter

Iwwer 3.400 Mol gouf der ADR hire Video vum Gast Gibéryen senger Chamber-Ried vu leschter Woch op Facebook bis ewell gedeelt. Et ass en Zesummeschnëtt aus der Debatt iwwer e Gesetz, dat der Finanz-Iwwerwaachungskommissioun CSSF nei Pouvoire gëtt, dat am Zesummenhang mat den Hypothéikekreditter. D'Michèle Sinner huet sech en Duerchbléck verschaaft.

auto_stories

3 min

Michèle Sinner: Am Video seet de Gast Gibéryen, datt dëst Gesetz elo de Kader setzt fir d'Banken, fir esou Kreditter ze ginn. De Video ass esou ze verstoen, datt elo vill Leit, sech keng Wunneng oder Haus méi kéinte kafen, well si kee Prêt méi géife vun enger Bank kréien. Den Titel vum Video ass: Skandal! D'Regierung schaaft déi kléng Leit an de Mëttelstand of. An iwwer dausend Kommentaren hunn vill Leit der ADR Recht ginn, dat et e Skandal wier.

Simon Larosche: Wouhier kënnt dat Gesetz iwwerhaapt?

Dat Gesetz ass am Fong eng Konsequenz vun der leschter grousser Wirtschaftskris. Déi hat jo mat enger Finanzkris ugefaangen. An déi Finanzkris gouf ausgeléist duerch eng Immobiliëblos. Subprime-Kris an den USA, mee och an enger Rei europäesche Länner gouf et Blosen am Immobiliësecteur. Dat obwuel et de Banken am Prinzip virdrun gutt goung. Dowéinst gouf no der Kris gesot: Et geet net duer, datt mer d'Banken individuell iwwerwaachen, mee mir mussen déi gesamtwirtschaftlech Risiken am A behalen. Dofir gouf op europäeschem a jeeweils op nationalem Niveau e Comité des risques systémiques gegrënnt. Dësen europäesche Comité hat scho virun dräi Joer aacht europäesch Länner ugeschriwwen, wéinst Bedenken iwwer den Immobiliëmarché, dorënner och Lëtzebuerg.

Dohier kënnt d'Gesetz also. Wat steet dann elo dran?

D'Gesetz gëtt der CSSF d'Méiglechkeet, d'Konditiounen ze verschäerfen, zu deene Banken Immobiliëkreditter däerfe ginn. De Moment gëtt et keng gesetzlech Grondlag, déi seet, datt e Client muss eege Sue matbréngen, wann en Haus well kafen. Et gëtt och keng Beschränkung vun der Lafzäit vun esou engem Kredit, also op dee kann 20, 30 oder 40 Joer daueren. Oder datt d'Mensualitéiten, déi duerch de Kredit entstinn, net däerfe méi héich sinn, wéi e gewëssen Deel vum Salaire, deen zur Verfügung steet. Genee dat sinn e puer vun de Punkten, wou d'CSSF elo kéint Restriktiounen aféieren.

Also gëtt dat Gesetz awer e méi enke Kader fir d'Immobilie-Prêten!?

Net direkt. Well d'CSSF kann déi Mesuren do nëmmen huelen, wann eisen nationale Comité des risques systémiques hir eng Recommandatioun dofir mécht. D'Grondlag op där de Comité esou eng Recommandatioun mécht, ass zimmlech flexibel, fir et virsiichteg ze soen, well do steet, de Comité géif d'Situatioun um Marché evaluéieren, wann et eng "Hausse soutenue des prix immobilier et du Volume d'emprunts" gëtt an net definéiert ass, wat een dorënner versteet.

Mee d'Präisser sinn an deene leschte Jore bal ëmmer geklommen a souguer zimmlech séier.

Eben. Mee de Comité muss och kucken, op et dee Moment en Dysfonctionnement am Finanzsystem gëtt an e Risiko fir seng Stabilitéit. Dat war bis ewell kloer net de Fall. Well och wann déi Lëtzebuerger Menagen héich Scholden hunn - wéinst den héijen Immobiliëpräisser - da gouf bis elo awer ëmmer festgestallt, datt et keng Bulle gouf, mee datt et net genuch Wunnenge fir d'Nofro gëtt. D'Stresstester hu gewisen, wéi 2014 d'Spuerkeess an och d'Bil getest goufen, kënnt et bal net fir, datt Leit hire Prêt net kënnen zeréckbezuelen. Dofir ass am Fong kee grousse Risiko fir d'Finanzstabilitéit do, d'autant plus, datt eis Banke ganz héich Kapital-Këssen hunn. Et ass also net gesot, datt de Comité kuerzfristeg eng Recommandatioun mécht, datt d'CSSF d'Konditioune verschäerft.