Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Stadion: Ofschloss vun den Aarbechten Enn 2019 weider realistesch

Nationale Futtball- a Rugby-Stadion

Neie Stadion: Ofschloss vun den Aarbechten Enn 2019 weider realistesch

Wann der alt emol um Stater Contournement ënnerwee sidd, da gesi Der - op der Héicht vun der Kockelscheier - datt et nawell gutt virugeet, um Chantier vum neie Stadion. D'Aarbechte sinn am Timing, och wann am Wanter e bëssen Zäit verluer gaangen ass. Mä d'Zil, bis Enn 2019 fäerdeg ze ginn, ass nach ëmmer realistesch. D'Stater Buergermeeschtesch an de Sportsminister haten op eng Visite vum Chantier invitéiert.

auto_stories

3 min

Wann et ee gëtt, dee besonnesch dacks, laang a vill vun deem Stadion gedreemt huet, dann ass et de Paul Philipp. De President vun der Futtball-Federatioun krut ëmmer erëm den Drock vun der UEFA ze spieren.

Et wier ugaange mat Remarke vum UEFA-President Michel Platini. Deen hätt hien eng Kéier op d'Säit geholl a gesot: "So Frënd, et gëtt lo Zäit. Kuck emol, datt s de e Stadion kriss." D'Iddi wier dunn ëmmer méi konkret ginn an et wier eng Kommissioun agesat ginn, och well d'Televisioun natierlech ëmmer méi en Impakt kritt", seet de Paul Philipp.

De Josy Barthel wier "un des stades les plus pourris" sot de Platini deemools, am September 13.

Zoufall oder net? Vun deem Moment ass et virugaangen. Ugangs 2014 huet d'Stad Lëtzebuerg d'Terrainen op der Kockelscheier kaaft, Enn 2016 huet de Gemengerot de Projet gestëmmt, an am Mee 2017 (virun eppes méi wéi engem Joer also) ass ugefaange gi mat schaffen. Den Zäitplang fir dësen net alldeegleche Projet war an ass ambitiéis, seet d'Carine Kieffer vun der Stad Lëtzebuerg. Net onbedéngt well et e Stadion ass, mä wéinst dem Site selwer. Um Ufank wier keng Strooss, kee Reseau do gewiescht, wat de Projet net méi einfach gemaach hätt, sou d'Carine Kieffer.

Käschte bis elo am Grëff

70 Prozent vum Gros-oeuvre sinn elo fäerdeg. D'Tribüne stinn, elo kënnt nach en Daach drop. An da geet et an den Detail. De Budget ass ënner Kontroll: 60 Milliounen Euro soll de Stadion kaschten, de Staat iwwerhëlt am Prinzip 70 Prozent, mä op kee Fall méi wéi 40 Milliounen. D'Stad huet also - an dat streit d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer net of - en zolitten Interêt drun, d'Käschten am Grëff ze halen.

Et hätt een de Budget schonn eng Kéier missten upassen, well "eng Rei Saachen net consideréiert gi sinn, zum Beispill vun der Sécherheet", seet d'Lydie Polfer. Ob, a wéi eng zousätzlech Schwieregkeeten am nächsten annerhallwe Joer nach kéinte kommen, wier momentan net viraus ze gesinn. Fir de Moment géif een am Budget leien. D'Stater Buergermeeschtesch hofft, datt dat esou bleift.

Numm fir de Stadion steet nach net fest

Wéi soll d'Kand heeschen? De Stadion, deen der Gemeng gehéiert, kritt kee kommerziellen Numm, d'Rechter um Numm ginn also net verkaaft. Fir de Rescht sinn d'Iwwerleeungen nach net ganz wäit, wéi de Sportminister Romain Schneider zougëtt.

"Am Moment hu mir emol "Stade National", wéi och am Ausland (Stade National de France). Sécher ass d'Basis, Stade National de Luxembourg. An da muss ee kucken, wéi een dat spezifesch kann ergänzen. Oder net."

Och e Stadion fir de Rugby

Am neie Stade National soll nieft Futtball och Rugby gespillt ginn. Fir de Steve Karier, de President vun der Rugby-Federatioun, ass dat de Beweis, datt d'Sportaart definitiv zu Lëtzebuerg ukomm ass.

Haut géifen och eng Partie Lëtzebuerger Rugby spillen, "de Prozentsaz vun deenen, déi hire Rugby hei geléiert hunn, an net als fäerdeg Spiller heihinner komm sinn, gëtt ëmmer méi grouss", seet de Steve Karier. Et misst een dat och no baussen hin ëmmer weider dokumentéieren. Déi Stadionsinitiativ géif dësen Efforten zegutt kommen.

Grousse Match fir d'Ouverture

Fir déi offiziell Ouverture gëtt awer Futtball gespillt. D'Lëtzebuerger Nationalequipe géint e grousse Géigner, dat ass de Plang fir d'Fréijoer oder de Fréisummer 2020, seet de Paul Philipp.

Déi dräi grouss Nopere wieren alleguer scho kontaktéiert ginn. "Wa mir der dräi hunn, huele mir se allen dräi" Och Italien a Portugal wiere kontaktéiert ginn. Hien hätt awer nach keng Äntwert kritt, seet den FLF-President.

Datt dee Match wäert ausverkaaft sinn, läit op der Hand. An den FLF President ass iwwerzeegt, datt dono fir d'éischt de Virwëtz an dann de Confort generell méi Leit wäerten op d'Lännermatcher lackelen.