Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Reform no OECD-Virgaben

Steierpolitik

Eng Reform no OECD-Virgaben

Affekoten a Berodungsfirme begréissen, datt de Steierregime fir d'Propriété intellectuelle elo präziséiert gëtt - och wann de Gesetzprojet eng Rei Restriktioune mat sech bréngt. Vun de Steieravantagen ausgeschloss ginn an Zukunft Markennimm, an Internet-Domain-Nimm. Revenuen, déi iwwer Breveten an Droits d'Auteuren op Software generéiert ginn, bleiwen zu 80 Prozent steierfräi.

auto_stories

4 min

De Gesetzprojet iwwert en neie Steierregime fir d'Propriété intellectuelle gouf de 4. August vum Finanzminister Pierre Gramegna an der Chamber deposéiert. Den ale Regime war zejoert op internationalen Drock hin ofgeschaaft ginn, mat enger Transitiounsphase bis 2021.

D'Ongewëssheet, wéi deen neien Text géif ausgesinn, huet Spueren hannerlooss. Effektiv wier de Standuert Lëtzebuerg während deem Zäitraum "fragiliséiert" gewiescht, wat d'Attraktivitéit fir nei Societéiten ugeet, seet den Olivier Lombardo, Affekot "Dennemeyer Group". Dëse Grupp huet sech op Berodungsservicer ronderëm d'Propriété intellectuelle spezialiséiert.

Protegéieren an optimiséieren

2008 goufen den aktuelle Regime fir d'Steieravantagen am Beräich vun der Propriété Intellectuelle zu Lëtzebuerg agefouert. Zënterhier ass ee ganze Secteur vu spezialiséierte Berodungsfirmen entstanen. Si hëllefe Firmen dobäi, wéi si un d'Entwécklung, d'Acquisitioun an d'Exploitatioun vun "Intellectual Property Rights", kuerz "IP-Rechter", sollen erugoen, erkläert den Olivier Lombardo.

Et wiere virun allem grouss Entreprisen, déi d'Revenuen a punkto Steiere gäre géifen optimiséieren. A wéinst de groussen Investissementer an d'Recherche an an den Developpement vun den IP-Rechter wier et wichteg, d'Cliente juristesch bei der Protektioun a Valorisatioun vun hire Rechter ze begleeden.

Markennimm net méi avantagéiert

Och an Zukunft bleiwe Revenuen, déi duerch Droit d'auteure fir Software oder Brevete generéiert ginn, zu 80 Prozent steierfräi. Aner Kategorië falen ewech, verschidden neier kommen dobäi. Dëst wier u sech kee Choix vun der Regierung, mä eng Virgab vun der OECD, sou de Pierre Kihn, Direkter vum Office Freylinger, enger weiderer Berodungsfirma, déi sech op d'Propriété intellectuelle spezialiséiert huet.

Revenuen op Markennimm géifen zum Beispill net méi steierlech avantagéiert. "Datt Marken an dem ale Gesetz waren, war schonn e wichtege Facteur fir Clienten hei op Lëtzebuerg ze kréien. Et sinn och e ganze Koup Gesellschaften op Lëtzebuerg komm, déi haaptsächlech e Markeportfolio haten. Déi sinn ënnert dat aalt Gesetz gefall a wäerten elo net méi ënnert dat neit Gesetz falen", esou de Pierre Kihn.

ICT-Secteur net beonrouegt

Och geschützten Internet-Domain-Nimm falen net méi ënnert d'Steier-Exemptioun vun 80 Prozent. Dat hätt awer kee gréisseren Impakt, mengt de Xavier Buck, President vum ICT-Cluster a Grënner vun der Firma EuroDNS, déi sech op d'Registréiere vun Domain-Nimm spezialiséiert huet.

An éischter Linn hätten Domain-Nimm, also Internet-Adressë vu Marken, vum ale Steierregime profitéiert. "Et war schonn interessant, well dee Moment méi Domain-Nimm bei eng Firma wéi EuroDNS komm sinn, mä am grousse Ganze war den Impakt awer net riseg." Fir d'Firme wier et awer e Virdeel gewiescht, deen elo ewechfale géif, esou de Xavier Buck.

Avantagë fir Rechter op Planzen

Mam geplangte Gesetz ginn och nei Kategorië vu Revenue steierlech avantagéiert, dorënner spezifesch Breveten an Titren op Medikamenter a phythopharmazeutesch Produiten, d'Protektioun vun der Entwécklung vu Medikamenter géint rar Krankheeten, a Certificaten, déi verschidde Rechter op eng nei Planzenzuucht schützen.

An dësem leschte Beräich wiere bis ewell wéineg Firmen zu Lëtzebuerg, wat an deem Secteur eventuell nei Dieren opmaache kéint, esou de Pierre Kihn.

Kompetitive Steiertaux

Wéinst den OECD-Virgabe gëtt et eng international Harmoniséierung bei de Kategorië vu IP-Rechter, fir déi Steieravantagen dierfen accordéiert ginn.

Spillraum bleift awer ënnert anerem beim Taux zu deem d'Revenuë vun de Steiere befreit ginn. A mat 80 Prozent Steier-Exemptioun wier Lëtzebuerg gutt opgestallt, sou den Olivier Laidebeur vum Office Freylinger. Zu Lëtzebuerg wier e weidere Virdeel d'Villsproochegkeet.

Bréifkëschtefirme ginn net méi duer

Eng wichteg Ännerung betrëfft dann déi verstäerkte Substanz-Critèren, déi eng Societéit an Zukunft muss erfëllen, fir vun der Steier-Exemptioun kënnen ze profitéieren. Reng Bréifkëschtefirmen, wéi se am Kontext vun de LuxLeaks-Revelatiounen 2014 an der Kritik stoungen, ginn net méi duer. Doranner sinn d'Experte sech eens.

Mä genee ze definéieren, wéi eng Aktivitéiten eng Firma hei am Land muss hunn, fir vum Steierregime kënnen ze profitéieren, ass méi schwiereg. "Et musse schonn Decisioune lokal an där Firma geholl ginn, mä wéi vill Leit dat musse sinn, dat ass déi grouss Fro, déi sech stellt.", esou de Pierre Kihn.

Kloer ass, datt Recherche an Developpement och kënnen am Ausland geschéien, präziséiert den Olivier Lombardo.

"Kär" muss zu Lëtzebuerg sinn

Fir den ICT-Secteur wier kloer, datt eng Firma effektiv nei Software misst entwéckelen, an dat misst gréisstendeels hei am Land geschéien, esou de Xavier Buck: "Am Gesetz kann ee verschidde vun den Entwécklungen outsourcen, mä am grousse Ganzen heescht et awer, datt d'Substanz, d'Informatiker an de Kär, zu Lëtzebuerg musse sinn".

Méi strikt Substanz-Critèrë wieren an deem Sënn also gutt fir déi Lëtzebuerger Ekonomie, gëtt de President vum ICT-Cluster ze verstoen. D'Erausfuerderung géif dann natierlech bleiwen, fir qualifizéiert Personal an déi néideg Bürosflächen ze fannen.


De ganzen Interview mam Olivier Lombardo vum Dennemeyer Group:

Olivier Lombardoplay_arrow