Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Aktiounsplang am Tourismus

Tourismus zu Lëtzebuerg

Neien Aktiounsplang am Tourismus

Den Tourismus an de ländleche Regiounen hei am Land steet viru groussen Erausfuerderungen. Den Tourismusministère an de Secteur wëllen dowéinst an den nächste Méint iwwerleeën, wéi d'Offer ka méi attraktiv ginn, an d'Konzepter méi innovativ.

auto_stories

3 min

Wanderungen am Mëllerdall ass bei villen Touriste besonnesch attraktiv. Foto: ORT Mullerthal

Verännerungen, ob gewollt oder net, géife fir de Beräich vum Tourismus a ländleche Regioune virun der Dier stoen - a Léisunge misste fonnt ginn. Dat gouf op enger rezenter Konferenz kloer thematiséiert. De Bob Wetzel, Direkter vun der Berodungsfirma BoB Marketing & Projects.

"Wann een d'Zuele kuckt, da kann ee soen: wa mir näischt Neies maachen - well et gëtt jo e Kader haut, dee permanent ugepasst gëtt, an awer verschwanne sou vill Betriber, an awer ass ze fäerten, datt an den nächste Joren nach e gudde Koup Betriber hannendru kommen - also wann näischt Neies gemaach gëtt, da wäerte mer déi Reduktioun vun de Kapassitéiten net ophale kënnen."

D'gesellschaftlech Strukture wieren net méi déi nämmlecht wéi viru Joren, an dat géif d'Industrie, zemools an de ländleche Regiounen am Land, ze spiere kréien. Dat koum an enger rezenter Etüd iwwer den Tourismus am Mëllerdall eraus. De Mëllerdall wier awer just ee Beispill vu villen, un deem ee gesäit, datt esou Regiounen ze kämpfen hätten, fir den Tourismus oprecht ze erhalen.

D'Offer dréit der Demande net Rechnung

Vun de ronn 70 Leit, déi op der Konferenz iwwer den Tourismus präsent waren, koumen der vill och aus dem Hotellerie- a Logementssecteur an hu sech zur Problematik geäussert. Problemer, déi geäussert gouf: Problemer beim Rekrutement vum Personal oder Problemer bei den Autorisatiounen. Et wier net einfach fir Touristen op Lëtzebuerg ze kréien: et wier zimlech deier, a fir jonk Leit net ëmmer attraktiv. Déi géifen da léiwer beispillsweis op Mallorca fléien, wou si da mat wéineg Geld eng ganz Woch Vakanz kéinte maachen, ziele Participante vun der Konferenz.

Bei der Etüd hätt sech virun allem erausgestallt, datt Touristen hautdesdaags aner Erwaardungen a Gewunnechten hu wéi fréier. Dat géif besonnesch fir déi Jonk gëllen. D'touristesch Offer am Land géif deem nach net Rechnung droen. Et géif och net genuch investéiert ginn, an d'Reglementatioune géifen et schwéier maachen, innovativ Iddien ëmzesetzen. Et wier och ëmmer méi problematesch, Leit um Aarbechtsmarché fir den Tourismus ze begeeschteren.

Zesummen u Léisunge schaffen

D'Erausfuerderung vun den nächste Méint wier et, fir déi verschidden Acteuren aus dem Tourismus zesummenzebréngen a mam Ministère en Aktiounsplang auszeschaffen. Dat erkläert den Tourismusminister Lex Delles. Doduerch wéilt een erausfannen a wéi eng Richtung ee sollt goen, fir d'touristesch Entwécklung an de ländleche Géigenden ze fërderen.

"Also ech mengen, datt mer musse verschidde Prozesser upassen, wou mer kucken, wéi stellen mer eis op mat Packagen, déi mer um Internationale Marché kënnen ubidden, datt mer och Tour Operatoren, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg mat Touriste kommen, och kënnen dohinner sëtzen. Mee ech mengen, datt dat ee Punkt ass vu ganz villen, déi mir an den Aarbechtsgruppe wäerten uschwätzen."

D'Hoteliere schénge positiv agestallt, wéi ee Participant seet:

"Ech mengen, et sinn elo verschidde Workshoppe geplangt. An ech denken, déi Iddi ass wierklech gutt, datt een do d'Käpp mol zesummestréckt aus de verschiddene Secteuren, fir do zesummen un engem Strang ze zéien, well et geet jiddwereen eppes un."

An engem Mount sollen d'Diskussioun an den ënnerschiddlechen Aarbechtsgruppe starten. Den Aktiounsplang gëtt dann iwwer sechs Méint ausgeschafft a soll am Mee virgestallt ginn.