Zanter ufanks Januar defiléiere reegelméisseg zéngdausende Leit zu Bréissel, an och an anere belsche Stied fir eng méi ambitiéis Klimapolitik. An dat an engem Land mat véier Ëmweltministere vu véier verschiddene Parteien, een um federalen Niveau, een zu Bréissel, een a Flanderen an een an der Wallonie. Dofir versteet een och direkt, firwat et an der Belsch eng gewëssen Inertie a Saachen Ëmweltpolitik gëtt.
All Donneschdeg manifestéieren och zéngdausende Schüler aus dem Secondaire, e Mouvement dee vun der schwedescher Studentin Greta Thunberg inspiréiert gouf, déi zanter dem Summer d'lescht Joer eemol d'Woch virum Parlament zu Stockholm d'Schoul fir de Klima schwänzt.
Politesch Recuperatiounsversich
A genee dee Mouvement vun de Schüler probéieren d'Parteien elo, dräi Méint virun de Wahlen, alleguer ze recuperéieren, mat méi oder manner Takt a Succès. Fir déi meeschte vun hinne war d'Thema Klima, dat sech onverhofft an d'Wahlcampagne invitéiert hat, éischter eng Iwwerraschung. D'Ëmweltministerin Joke Schauvliege vun der chrëschtdemokratescher Partei CD&V huet an enger Ried virum Algemeege Boerensyndikat d'Spontaneitéit vun de Manifestatiounen a Fro gestallt. Si huet uginn, datt de belsche Geheimdéngscht hir confirméiert hat, datt d'Manifestante vun ekologesche Lobbye géife manipuléiert ginn, fir sech un hirer Partei ze rächen. Dat huet sech schlussendlech allerdéngs als Ligen erausgestallt. Eng Ligen, déi si zwee Deeg drop huet misste mat hirem Ministeschposte bezuelen. An Tréinen huet d'Joke Schauvliege en Dënschdeg hir Demissioun bekannt ginn.
Ëffentlechen Drock schéngt Wierkung gehat ze hunn
E politesche Suizid, dee sécher wéinstens deelweis op intensive Stress zeréckzeféieren ass. Well déi flämesch Ministesch war an den Deeg virdrun, genee wéi hir aner Kolleegen, Zil vun der Aktioun Wake up your Ministers. Dee bis dohinner onbekannte Collectif Act for Climate Justice hat an enger Nacht-und-Nebel-Aktioun 2.000 Affichë mat den direkten Handysnummere vun den Ëmweltministere publizéiert, an d'Leit opgefuerdert, massiv dovu Gebrauch ze maachen. Mat Succès, wéi et schéngt.
Déi populär Initiativ fir de Klimawandel huet sech also an de Wahlkampf invitéiert, a mat der Joke Schauvliege schonn dat éischt Affer gefuerdert. Déi nächste Méint ginn nach spannend.