Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Sécherheetskonzept fir d'Stad Déifferdeng

Gesellschaft

Neit Sécherheetskonzept fir d'Stad Déifferdeng

Op den 31. Dezember leeft de Kontrakt tëscht der Sécherheetsfirma GDL an der Stad Déifferdeng aus. An Zukunft wéilt ee punktuell op d'Firma zeréckgräife wann et drëms geet Fester oder soss Eventer ze encadréieren. Duerch ee globaalt Konzept mat repressiven, preventiven a soziale Moossname wëllt Déifferdeng d'Sécherheet an der Gemeng garantéieren. Den Zuele vun der Police no, déi vu September an Oktober dëst Joer stamen, géif Déifferdeng a Punkto Sécherheets Statistiken am Duerchschnëtt vun de Lëtzebuerger Stied leien, et ginn och manner Fäll vu Vol avec Violence ewéi op aner Plazen. D'Konzept soll virun allem d'Liewensqualitéit vun de Bierger verbesseren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Et géif een ënnerscheeden tëscht Sécherheetsgefill an Insécuritéit, ënnersträicht déi Gréng Déifferdenger Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch. Dohier gouf d'Beliichtung vu Stroossen oder dem Park verstäerkt, a wéinst Fäll vu Vandalismus an de Schoule wärend de Vakanze ginn nächst Joer Iwwerwaachungskameraen installéiert. Och d'Pecherte kréien nei Kompetenzen, déi awer fir den Ament nach net gesetzlech verankert sinn, sou d'Christiane Brassel Rausch. Doduerch, datt Pecherten an Zukunft also och Avertissements taxés schreiwen dierfen, erwaard sech d'Déifferdenger Buergermeeschtesch, datt een eng Rei Incivilitéiten an de Grëff kritt. D'Christiane Brassel-Rausch mécht dann awer och de generellen Appell fir am Noutfall den 113 unzeruffen.

Nieft dräi neien Agents municipaux, gëtt och een neit Police Kommissariat no beim Stadzentrum gebaut. Déifferdeng stéing och bei de geplangte Rekrutéierungen op der Prioritéitelëscht, sou d'Christiane Brassel-Rausch.

D'Déifferdenger Police hätt e Gebitt vu praktesch 80.000 Awunner op engem relativ grousse Gebitt ze géréieren an dofir wier et wichteg, datt d'Police an där Regioun och weider opgestockt gëtt.

Wichteg wier et och datt d'Bierger sech un d'Pecherten am Fall vun engem Problem kënnen Wenden. Eng sozial Moossnam gouf iwwert de Service Jeunes, de Jugendhaiser, de Schoulen an de Streetworker ergraff. Et géif ee probéieren déi Jonk opzefänken, hinnen Alternativen a Perspektiven opzeweisen. Do dernieft wier een aktuell am Gaang fir zesumme mat de Jonken eng Plaz ze sichen, op där si sech kënnen treffen. Och d'Police géif elo fir Déifferdeng e Sécherheetsplang ausschaffen, fir dat globaalt Sécherheetskonzept nach ze completéieren.