"Nëmme mat Eis" virsiichteg optimistesch mat Virsätz vun der Regierung

D’Virsätz vun der Regierung am Beräich vun de Rechter vun de behënnerte Mënschen si relativ positiv, mee et muss ee virsiichteg bleiwen. Dat sot ons de Patrick Hurst, de President vun der Associatioun “Nëmme mat Eis”, déi sech fir d’Rechter vu behënnert Mënschen asetzt an déi e Samsden hier Generalversammlung hat. Bei enger Entrevue vun der ASBL mat der Familljeministesch hätt d’Corinne Cahen agesinn, datt méi misst gehandelt ginn. Mee iwwert d’finanziell Moyen’en géing ëmmer ee “Fragezeechen” hänken, esou de Patrick Hurst am 100,7-Interview. D’Associatioun “Nëmme mat Eis” huet Wëlles an de nächste Méint a Joren weider Drock ze maachen, fir datt d’Virsätz vun der Regierung och ëmgesat ginn.

D’blo-rout-gréng Regierung huet sech virgeholl während hirem Mandat, eng entspriechend UNO-Conventioun ëmzesetzen. Sou sollen ënnert anerem d’Mobilitéit, d’Offer vun accessibele Wunnengen an d’Offer vu Fräizäitbeschäftegungen verbessert ginn.

Donieft sollt dofir gesuergt ginn, datt d’Quoten vu “salariés handicapés” am ëffentlechen an am private Secteur erreecht ginn. Gesäit een da scho Fortschrëtter um Terrain? De President vu “Nëmme mat Eis” de Patrick Hurst am Interview mam François Aulner:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen