Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neoliberalismus hat fertig

Fräie Mikro

Neoliberalismus hat fertig

Nëmmen eng Generatioun nom Fall vun der Berliner Mauer erliewe mer haut nees en historesche Broch: d'Enn vun der Legitimitéit vun deem System, deen no 1989 nach als Gewënner do stoung. "Neoliberalismus hat fertig", sou de fräie Mikro vum Historiker Denis Scuto.

auto_stories

3 min

1995 hat ech de Pleséier den Historiker Gilbert Trausch fir d'Tageblatt ze interviewen.[1] De Gilbert Trausch huet ënner anerem vun historesche Bréch geschwat a wéi wéineg d'Mënschen se virausgesinn. D'Zäitgenosse vun deemools haten d'franséisch Revolutioun vun 1789 net gesi kommen. A keen hätt geduecht datt bannen e puer Joer, vun 1989 bis 1991, de kommunistesche Block komplett géif zesummebriechen. Hie sot awer och datt wéineg Generatiounen déi Chance hätten esou déif Bouleversementer live matzëerliewen. E puer Joer drop koum den 11. September 2001 dobäi, deen d'Welt nees erschüttert huet.

Mat Bléck op den historesche Broch vun 1989-1991 huet den Historiker Trausch bedauert datt d'Ewechfalen vum sougenannte reale Sozialismus als Alternativ zum Kapitalismus zu engem inquietante Phänomen gefouert huet. Hie sot: Mir erliewen zwar net d'Enn vun der Geschicht mee d'Enn vun den Utopien, an dat ass schlëmm. Well d'Mënsche bräichten Utopien, bräichte Perspektiven déi se begeeschteren. Si bräichten Utopien well Defie wéi sozial Gerechtegkeet nach wäit ewech vun enger Léisung wieren.

En historescht Enn vun der Legitimitéit vun dësem System

Ech hunn dëse Summer vill un dës Wierder vum Gilbert Trausch missen denken. "Ech gleewen nëmmen dat wat ech gesinn", seet e Spréchwuert. Dëse Summer hu mer all, an Europa an uechter d'Welt, live an eisem Alldag en historesche Broch materlieft. Mer hunn mat bloussen Aen dat gesinn virun deem d'Wëssenschaftler zanter den 1970er Jore warnen: d'Zerstéierung vum Ekosystem vun der Äerd, a seng fatal Konsequenzen a punkto Klima. D'Zerstéierung duerch déi kapitalistesch Wirtschafts a Gesellschaftsform, déi zanter den 1990er Joren eleng d'Welt beherrscht, ob an hirer neoliberaler Form am Westen oder hirer autoritärer Form a Russland an a China.

Dëse Summer bedeit dofir awer och d'historescht Enn vun der Legitimitéit vun dësem System. Neoliberalismus hat fertig. Nëmmen eng Generatioun nom Fall vun der Berliner Mauer ass et net nëmmen nees méiglech iwwer Alternativen nozedenken. Et ass der Mënschheet hir Flicht. Net a Form vu Revolutiounen déi am 20. Joerhonnert all an d'Box gaange sinn. Mee am Sënn vun déifgräifende Reformen. Dat geet vläicht net duer fir d'Katastroph ze verhënneren, mee Verännerung nees als legitim Perspektiv ze hunn an domat d'elementaart Recht se anzefuerderen, bedeit en historesche Broch deen Hoffnung mécht a Sënn stëft.

Veränneren heescht anescht handelen

A propos Verännerung: där Dammen an där Häre Politiker a Manager, veränneren heescht net anescht schwätzen mee et heescht et anescht maachen, aner Decisioune wéi bis elo éischtens huelen an zweetens ëmsetzen. Moossnamen déi d'Liewen an d'Welt veränneren, a Richtung méi Mënschlechkeet, méi Gerechtegkeet a méi Respekt vun eisem Planéit.

[1] Scuto, Denis, L'historien entre méfiance et fascination. Un entretien avec Gilbert Trausch, in: Fonck, Danièle (dir.), Grands entretiens du Tageblatt, Esch-sur-Alzette, Editions Le Phare, 1995,p. 179-183.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.