Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net all d'Leit mat Behënnerung ginn duerch Impfstrategie erfaasst

Info-Handicap

Net all d'Leit mat Behënnerung ginn duerch Impfstrategie erfaasst

Info-Handicap bedauert, datt d'Impfstrategie net all d'Leit mat enger Behënnerung erfaasst. D'Prozedur vun der Regierung wier net ideal a géif dozou féieren, datt Leit duerch de Raster falen.

auto_stories

2 min

Just een Deel vun de Leit mat enger Behënnerung si kloer erfaasst - déi, déi an enger Institutioun wunnen. An der Phas 1 vun der Campagne goufen iwwer dee Wee 800 Persoune geimpft.

Froe bleiwen onbeäntwert

Et ass awer net ganz kloer, ob do och déi Leit matgezielt sinn déi betreit wunnen oder an engem Atelier protégé schaffen. Zweetens, esou den Olivier Grüneisen, Direkter bei Info-Handicap, ass net kloer wat mat deene geschitt, déi net an enger Institutioun wunnen:

"Dat ass d'Fro, déi mir dem Ministère gestallt hunn, wou mir keng Äntwert kréien - wou d'Leit bei eis uruffen a wou se net richteg wëssen, bei wiem se sech musse mellen."

Et hätt een als Info-Handicap och ee Bréif geschriwwen un d'Santé fir weider Explikatiounen ze kréien, mee et hätt ee keng Äntwert kritt.

An der Impfstrategie sinn dräi Kategorië vu Vulnerabilitéit definéiert. Well d'Regierung net weess, wéi vill Leit concernéiert sinn, mussen déi Leit, déi sech als vulnerabel consideréieren iwwer den Dokter fuere fir geimpft ze ginn.

Concernéiert Leit solle sech beim Dokter mellen

Duerch déi Organisatioun géif ee Leit verfeelen, esou den Olivier Grüneisen. Fir Leit, déi net an engem Hebergement wunnen, misst et eng Méiglechkeet ginn, sech iwwer eng Website oder beim Ministère kënnen anzeschreiwen.

Generell Statistiken iwwer Mënsche mat enger Behënnerung sinn net bekannt. Den Olivier Grüneisen schätzt, datt 12 bis 15 Prozent vun der Populatioun betraff sinn.

Iwwer d'Covid-Situatioun am Behënnerten-Secteur ass déi lescht Méint vill manner Rieds gaange wéi zum Beispill iwwer d'Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer. Den Olivier Grüneisen seet, hie wéisst net vu Fäll vu Clusteren an Hebergementer vu Leit mat enger Behënnerung.

D'Fro vun der Mortalitéit vu Leit mat enger Behënnerung duerch Covid-19 ass dem Info-Handicap-Direkter no schwéier ze beäntweren. Dat well d'Trennung vun Alter a Behënnerung arbiträr wier.

Datt den Olivier Grüneisen um Ufank vun der Impfcampagne sech a sengem perséinlechen Numm kritesch géigeniwwer Impfunge geäussert huet, hätt näischt heimat ze dinn. A senger Funktioun wier hien dofir do fir d'Leit ze ënnerstëtzen, an hir Rechter ze representéieren, an dat géif hien och esou maachen.