Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net d'Demande stimuléieren, mee d'Offer"

Logementspolitik

"Net d'Demande stimuléieren, mee d'Offer"

Méi Terrainen a Wunnengen an ëffentlecher Hand halen an zu abordable Präisser zur Verfügung stellen - dat ass d'Zil vum grénge Logementsminister Henri Kox. Hie plaidéiert och virsiichteg dofir, datt déi steierlech Avantagë fir privat Immobilieninvestisseure reduzéiert ginn.

auto_stories

3 min

De Logementsminister Henri Kox

Ëm bal 15 Prozent sinn d'Immobiliëpräisser zejoert zu Lëtzebuerg geklommen. Dat wier virun allem fir Leit mat engem ganz klenge Revenu ee grousse Problem, seet den Henri Kox.

D'Urgence wier den Ament bei 2.000 bis 3.500 Leit, "déi abordabele Wunnraum sichen a wou den Taux d'effort net dierf 60 Prozent sinn, dee muss gedréckt ginn. Do ass de politeschen Handlungsbedarf am gréissten."

Logement an ëffentlecher Hand

D'Laascht vun den Immobiliëprêten oder de Loyere bereet awer och ëmmer méi Leit bis wäit an d'Mëttelschicht eran ee Problem.

Dowéinst misst däitlech méi abordable Wunnraum geschafe ginn, argumentéiert de Logementsminister. Mat der Reform vum Pacte Logement sollen dowéinst méi Terrainen a Wunnengen an d'ëffentlech Hand kommen - an och do bleiwen, andeems "déi Wunnengen, déi an ëffentlecher Hand sinn net méi dierfen um Privatmarché verkaf ginn." Hei wieren an der Vergaangenheet Feeler gemaach ginn.

Quid pro quo

Tëscht 10 a 25 Prozent vum Terrain oder de Wunnenge solle privat Promoteure bei Projete vun 10 Wunnunitéiten a méi an Zukunft un d'Gemeng oder de Staat oftrieden, sou d'Propose. Dëst jee nodeems, wéi grouss de Projet ass an ob e bannent oder baussent dem aktuelle Bauperimeter läit.

Als Géigeleeschtung dierf deen Deel vum Wunnprojet, deen a privater Hand bleift, zéng Prozent méi grouss ginn ewéi am Plan d'Aménagement général vun der Gemeng virgesinn. Firwat als ëffentlech Hand net ee méi groussen Undeel vum Terrain fuerderen?

"Et ass een Equiliber, dee mir gesicht hunn a wou ech och derhannert stinn (...) ee monetären Equiliber, deen ze rechtfäerdegen ass."

Keen Agrëff an den Handel mat Terrainen

De Logementsminister hofft, datt iwwer d'ëffentlech Hand iwwer dee Wee ee méi staarken Acteur um Wunnengsmarché gëtt. Datt doduerch d'Präishausse gebremst ka ginn ass awer kaum z'erwaarden. D'Terrainspräisser ze deckelen, kënnt fir den Henri Kox awer net a Fro - dat wier ee private Besëtz ewéi een aneren:

"Mir sinn an engem Rechtsstaat, wou ech stolz drop sinn. A mir hunn d'Liberté de commerce an eiser Verfassung stoen."

Demande gëtt weider subventionéiert

Fir d'Präisentwécklung net weider unzeheizen, soll de Staat net d'Demande finanziell ënnerstëtzen, roden ënnert anerem d'Zentralbank an d'OECD. D'Regierung huet dowéinst déi steierlech Avantagë fir Immobilieninvestisseure rezent liicht reduzéiert.

De sougenannten "Taux d'amortissement accéléré" mat deem een den Invest an een Neibau vun de Steiere kann ofsetzen, gouf liicht reduzéiert. Zur Fro, ob eng weider Reduktioun néideg ass, seet de grénge Minister: "Lo kucke mir Mol wat passéiert - a wann déi mussen noregléiert ginn, da wäerten déi eng Kéier noregléiert ginn."

Immobilieninvestisseure kënnen och hir Scholdzënsen integral vun de Steieren ofsetzen an et gëlt een avantagéisen Steiertaux fir d'Plus-Value, déi een op enger Immobilentransaktioun mécht. Am blo-rout-gréng Regierungsprogramm wieren hei keng Ännerunge virgesinn, seet den Henri Kox - an ergänzt:

"Mir sinn an engem gesellschaftleche Konsens, wou dee Koalitiounsaccord ëmsetzbar ass. Lo an där Kris hu mir verschidden Elementer schonn nogebessert. A wa sech ergëtt, datt mir nach nobessere mussen a verschiddene Beräicher, da wäert dat geschéien."

Taxe am Tirang

Hien hätt iwwerdeems ee Projet fir eng national Taxe op eidel Wunnengen "am Tirang leien", esou de Minister. Den Detail, wéi déi nei Steier kéint ëmgesat ginn, misst awer nach an Ofsprooch mat de Gemenge gekläert ginn - a réischt wann ee sech doriwwer Eens wier, kéint dee Projet och ëmgesat ginn. Eng Schwieregkeet wier, fir festzestellen, ob eng Wunneng eidel steet oder net.