Radioen

On air

Notturno  |  M. Ward - Slow Driving Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net genuch Fudder fir d'Déieren

Bauerenzentral

Net genuch Fudder fir d'Déieren

Zu Lëtzebuerg koum et wéinst der Dréchent iwwer de Summer zejoert zu enger Reduzéierung vum Véibestand bei de Baueren. Dat huet eis op Nofro hin d'Josiane Willems, Direktesch vun der Bauerenzentral, confirméiert. Duerch d'Dréchent, déi sech bis an den Hierscht gezunn huet, konnt net genuch Fudder fir d'Déieren hiergestallt ginn.

auto_stories

2 min

D'Josiane Willems ass Direktesch vun der Bauerenzentral. Foto: Archiv.

Zwar gouf duerch Importer op den Enkpass reagéiert, mee fir de Besoin u Fudder komplett ze decke wieren dës Importer awer net duergaangen. Dëst hätt dozou gefouert, datt d'Baueren duerch de Verkaf an d'Schluechte vun den Notzdéieren, virop Mëllechkéi, dozou gezwonge waren, hire Bestand ze reduzéieren.

Präis vum Fudder ass an d'Luucht gaangen

Zanter Juli 2018 hunn d'Baueren hiert Véi mat den eigentleche Wanterreservë misste fidderen, well virop d'Kéi net genuch Wiss hate fir ze grasen. De Reen am September hätt zwar fir eng kuerz Entspanung gesuergt, mee den Impakt vun der laanger Drécheperiod bis an den Hierscht eran hätt d'Baueren dozou gezwongen um Marché aktiv ze ginn.

D'Josiane Willems, Direktesch vun der Bauerenzentral erkläert, datt vill Baueren hu missten zousätzlecht Fudder kafen. "A vu datt et iwwerall an Europa extrem dréche war a verschidde Regiounen nach méi wéi hei zu Lëtzebuerg, sinn d'Präisser vun Hee- a Stréifudder extrem an d'Luucht gaangen."

Vill Mëllechkéi goufe geschluecht

Dëst wier eng enorm héich finanziell Belaaschtung fir d'Betriber gewiescht, esou d'Josiane Willems. Dat huet dozou gefouert, datt all Véibetriber zu Lëtzebuerg hire Bestand reduzéiert hätten, dat awer net esou massiv wéi an anere Regiounen an Europa.

Vill Betriber hätte Mëllechkéi awer ofgestockt, also geschluecht, erkläert d'Josiane Willems, fir "datt se mat deem anere Véi iwwer d'Ronne kommen." Et wier awer schwéier, déi ze chiffréieren. Mëllechkéi géife geschluecht a jonk Ranner verkaf ginn.

Finanziell Hëllef ass geréng

Subsidë vun der Europäescher Unioun wiere keng zu Lëtzebuerg ukomm, mee vun der Regierung hätt ee keng zousätzlech finanziell Hëllefe kritt, esou d'Josiane Willems. Um Landwirtschaftsministère hätt een op d'Ofschléisse vun enger Versécherung vu Gréngland verwisen, déi a Fäll vun enger Dréchent fir de Schued géif opkommen, mee et wieren awer ganz wéineg Betriber, déi eng Grénglandversécherung ofgeschloss hätten.

D'Situatioun hätt sech mëttlerweil nees berouegt, esou d'Josiane Willems. Et misst een awer domat rechnen, datt et nach bis Februar weiderhin zu vereenzelte Reduzéierung vu Véibestänn kéint kommen.


De Maurice Anthony am Panorama, de 4. Januar um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow