Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net méi dës Legislatur"

Verfassungsreform

"Net méi dës Legislatur"

Den CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers schléisst net aus, datt hien nach emol mat an déi nächste Chamberwale geet, seet den 80 Joer ale Politiker. D'CSV ënnerstëtzt de Projet vun der Regierung fir den Ausnamezoustand an der Verfassung ze erweideren. Woubäi dem Paul-Henri Meyers no an esou Fäll d'Chamber enk mat agebonne misst ginn.

auto_stories

3 min

Paul-Henri Meyers

Méi wéi zéng Joer schafft de Paul-Henri Meyers um Text vun der Verfassungsrevisioun. Déi lescht Chamberwahle wier hien nach emol fir d'CSV matgaange fir den Text kënnen ze finaliséieren. Wann hie konsequent wier, misst hien och dës Kéier nach emol fir d'Chamberwale kandidéieren. Dem CSV-Politiker no wäert d'Reform vun der Verfassung dës Legislatur net fäerdeg ginn. Eng definitiv Confirmatioun iwwert eng Kandidatur fir d'Legislativwahle gëtt hien nach net. De Paul-Henri Meyers wëll den Text perséinlech finaliséieren.

Véier Rapporter fir een Text

Datt hien als Haaptauteur vun der Propositioun fir d'Verfassungsreform net ee vun de véier Co-Rapporter vum Text ass, erkläert de Paul Henri Meyers domat, datt hien an der Chamber méi Riednerzäit wëll hunn. Wann den Text bis an d'Plenière kënnt, wéilt hien als CSV-Spriecher iwwert all d'Volete vun der Reform schwätzen. D'Co-Rapporteren (Alex Bodry, LSAP, Simone Beissel, DP, Claude Adam, déi Gréng a Léon Gloden, CSV) wäerte jiddereen een Deel vum Text presentéieren.

Dat géif Sënn maachen, well den integralen Text vaste wär, fënnt de Paul-Henri Meyers. Dat wier och en Zeechen no baussen, well d'Verfassungsreform am grousse Konsens geschéie misst.

De breede Konsens

De CSV-Politiker geet aus Zäitgrënn dovun aus, datt et dës Legislatur kee Referendum méi iwwert d'Verfassung wäert ginn. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry hat proposéiert, datt sech d'Chamber an enger Resolutioun drop eenegt fir, datt déi nächste Legislatur um selwechten Text weidergeschafft gëtt. Dem Paul-Henri Meyers no sollt ee fir d'éischt ofwaarde bis den Avis vum Staatsrot iwwert d'Amendementer zum Text virläit.

Eréischt an engem Joer oder a 15 Méint kéint een da gesinn, op een ënnert de Parteien eng gemeinsam Positioun kéint fanne wat de Suivi vum Text ugeet. Eng nei Chamber, mat neie Memberen an der Institutiounekommissioun kéint déi nächst Legislatur och erëm Ännerungen am Text mat sech bréngen. Woubäi een no iwwert 10 Joer Aarbecht un der Verfassungsreform, net erëm ganz vu vir dierft ufänken, seet de Paul-Henri Meyers.

Wéineg Interêt fir d'Verfassungsreform

Den Interêt bei de Leit iwwert d'Verfassungsreform wier net enorm grouss, seet de Paul Henri Meyers. Et wier deels eng ganz technesch Matière, déi am Detail schwéier ze erkläre wier. Eenzel Kapitele kéinten erkläert ginn. Fir an engem Debat awer alles z'explizéiere wier ganz schwiereg. Den CSV-Politiker schwätzt sech trotzdem fir e Referendum aus. All d'Parteien hätte sech dozou decidéiert. Dorobber kéint een net zréckkommen. Ausserdeem wier dat an der Verfassung selwer esou virgesinn.

An der nächster Legislatur misst ganz fréi ugefaange ginn de Leit, no Themen, déi geplangte Verfassungsännerungen z'erklären.

Ausweidung vum Etat d'urgence an der Verfassung

"D'Regierung muss en Instrument hunn, fir séier kënnen z'agéieren. Mee dat Instrument muss awer agebett sinn", seet de Paul-Henri Meyers. Op Hand vum éischten Avis vum Staatsrot hätt d'Chamber en Text preparéiert deen "d'Strooss hält". D'Haaptfro, déi sech géing stellen, wier déi wéi d'Chamber agebonne gëtt.

Den Etat d'urgence wier doduerch motivéiert, datt d'Chamber net séier genuch e Gesetz ka stëmmen, fir am Fall vun enger nationaler Kris ze agéieren, seet de Paul-Henri-Meyers. Den Ausnamezoustand kéint net laang ouni d'Zoustëmmung vun der Chamber a Kraaft sinn. Aktuell géif d'Propos um Dësch leien, datt d'Chamber sech bannent zéng Deeg iwwert en Etat d'Urgence misst ausschwätzen. "D'Fro ass ob d'Chamber an zéng Deeg e Gesetz ka stëmmen." Et wier nach e Problem, datt een en Text misst maachen, deen et erméiglecht, datt d'Chamber a kuerzer Zäit e Gesetz ka maache fir den Etat d'Urgence ze reglementéieren.