Radioen

On air

Notturno  |  Forever Pavot - La Soupe À La Grolle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net nëmme mat Geldleeschtunge wierken"

Chamberwahlen 2018

"Net nëmme mat Geldleeschtunge wierken"

D'LSAP wäert d'Fuerderung vun enger Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun net iwwerhuelen. Dat geet ervir aus dem Gespréich mat der Taina Bofferding. D'Kannergeld misst net nëmmen indexéiert, mee och besteiert ginn.

auto_stories

1 min

LSAP-Deputéiert Taina Bofferding

Den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider hat eng Hausse vun 100 Euro netto vum Mindestloun ugekënnegt. Wéi dat soll finanzéiert ginn, konnt d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding net soen. Si kéint sech awer virstellen de Mindestloun vun der Akommessteier ze befreien, esou d'LSAP-Deputéiert.

Et dierft een net vergiessen, datt zanter dem 1. Januar 2017 de Mindestloun-Empfänger scho wesentlech méi géife kréien. Virdrun hätt et eng Indextranche ginn, et wier e Reajustement vum Mindestloun ginn an eng Steierreform, bei där d'Mindestlounbezéier ronn sechs Prozent méi géife kréien.

Ville Leit hëllefen

"An dann net ze vergiessen, nach all déi Sachleeschtungen, déi ustinn. Dat ass eppes, wou dës Regierung vill Wäert drop geluecht huet", esou d'LSAP-Deputéiert. Et wéilt ee weider net nëmme mat Geldleeschtunge wierken, mee och an d'Richtung vun de Sachleeschtunge goen, seet d'Taina Bofferding.

Weider Sozialmesuren, déi an den LSAP-Wahlprogramm misste mat afléissen, wier, datt d'Kannergeld net just indexéiert, mee och besteiert misst ginn, fir méi sozial Selektivitéit ze garantéieren.