D'Nuance tëschent "prett sinn" an "preparéiert sinn", erkläert de Marc Angel esou:
"Prett géif heeschen, d'Gesetzer si scho gestëmmt. A preparéiert ass, datt alles do ass, d'Texter sinn do, si ginn e Freideg duerch de Ministerrot an da musse mir se diskutéieren. Ech mengen, dat ass d'Nuance."
De Freideg nom Regierungsrot géif een iwwer konkret Mesurë méi gewuer ginn; notamment, wat d'Mënsche betrëfft.
"Mir musse preparéiert si fir déi 5.000 Britten, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, wouvunner der 3.500 schaffen an an der Sécurité sociale sinn. Dat si wichteg Froen."
Et géifen awer och 2.000 Lëtzebuerger a Groussbritannie liewen, dovun 1.200 Studenten. "Mee do kënnt ëmmer erëm de Facteur vun der Reciprocitéit eran. Déi Faveuren an Avantagen, déi mir Britten hei ginn, do muss awer och e Retour vun der anerer Säit kommen. Ech mengen, dorunner gëtt och geschafft."
Fir de Laurent Mosar stellt sech d'Situatioun méi dramatesch duer.
"Déi Leit déi schlofen schonn net zanter Méint. An et muss een och kënnen novollzéien. Do hänke ganz Familljeschicksaler dovunner of. Déi leit déi wësse mol net méi, ob si eventuell nom 29. Mäerz iwwerhaapt nach kënnen ausserhalb vu Lëtzebuerg, vu Groussbritannie reesen."
Et wier der Politik hir "verdammte Flicht", sou séier wéi méiglech Äntwerten op déi Froen ze fannen an de concernéierte Leit konkret virun ze hëllefen.