Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Look Alive

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net selwer ewech maachen!"

Eichenprozessionsspinner

"Net selwer ewech maachen!"

Eichenprozessionsspinner si Päiperleksraupe vun enger onscheinbarer Matt - déi am Mee schlüpfen. Si installéiere sech just op Eechebeem a kënne beim Kontakt mam Mënsch en Hautausschlag ausléisen. Et ass net recommandéiert, se selwer ewech ze maachen, seet de Laurent Schley.

auto_stories

1 min

"Aus Eichenprozessionsspinner ginn Nuetspäiperleken", seet de Laurent Schley, Biolog an Directeur adjoint vun der Naturverwaltung. "Am Mee schlüpfe se: dann entwéckelen se Brennhoer mat klenge Widderhaken: déi fléie ronderëm. Wann eis Haut domat a Beréierung kënnt, gëtt dëst Hautausschlag", esou de Laurent Schley.

Et fënnt ee se just op Eechebeem

"Déi Raupe maache kee Schued op den Eechebeem", seet de Laurent Schley. Hie warnt viru Panik: "net all Päiperleksraup ass en Eichenprozessionsspinner!" Déi meescht sinn harmlos. De Laurent Schley appelléiert keng Raupe futti ze maachen. De Biolog verweist ënner anerem drop, datt déi sougenannte "Gespinstmotte", déi gären Hecken aspënnt, absolut harmlos ass.

Bekämpfung

"Am beschte léist ee se vun enger Spezialfirma ewech maachen", esou de Laurent Schley. Déi hunn déi richteg Ausrëschtung, fir datt keen zu Schued kënnt an d'Näschter och wierklech fort sinn. Datt den Eichenprozessionsspinner an de leschte puer Joer méi heefeg optrëtt, hätt iwwregens zum Deel mam Klimawandel an de méi héijen Temperaturen ze dinn, esou de Sousdirekter vun der Naturverwaltung Laurent Schley.


De ganzen Interview mam Laurent Schley:

Lauschterenplay_arrow