D'Ni Xia Lian am 100komma7-Interview
Fir d'Ni Xia Lian war et déi fënneft Participatioun bei Olympia. Mat hirem Match géint d'Süd-Koreanerin Yubin Shin huet déi 58 Joer al Lëtzebuergerin zwar knapps a siwe Sätz verluer, mee huet dobäi awer e Rekord etabléiert. Méi al war nach ni e Sportler am olympeschen Dëschtennis-Tournoi.
No hirer Defaite huet d'Ni Xia Lian sech enttäuscht gewise mee hat awer och hiert üblecht Laachen op. "Wéinst mengem Alter kann ech net aacht Stonnen den Dag trainéieren", sot si géigeniwwer dem 100,7 zu Tokyo, als Erklärung fir hier Defaite.
Si sot weider datt hire Rekord ni mat hirem Gebuertsland China méiglech gewiescht wier. "Ech si ganz stolz, ganz geéiert datt ech Lëtzebuerg an der Welt representéiere kann. E Rekord ass nach besser. Et war net mäin Ziel, mee firwat net wann et méiglech ass" sot d'Dëschtennis-Spillerin nom Match zu Tokyo. No dëser Defaite a wéinst de strenge Corona-Reegelen huet d'Ni Xia Lian elo just zwee Deeg fir ofzereesen a villäicht schonn iwwer déi nächst Olympesch Spiller zu Paräis nozedenken.