Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Les Imprimés - You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Mackel: SWIFT-Ausschloss vu Russland hätt grav Konsequenze fir d'EU

Ukrain-Krich

Nicolas Mackel: SWIFT-Ausschloss vu Russland hätt grav Konsequenze fir d'EU

Sollt Russland aus dem SWIFT-Payement-System ausgeschloss ginn, wier de gesamten Handel mat Russland op Äis geluecht, well russesch Banke keng Sue méi an der EU léinen an och keng verléine kéinten. Russland kéint als Konsequenz méiglecherweius retaliéieren, beispillsweis an deem kee russesche Gas méi an d'EU importéiert gëtt, well de facto keng Transferten tëscht der EU a Russland méi méiglech wieren, erkläert de Nicolas Mackel vu Luxembourg For Finance.

auto_stories

1 min

Den Nicolas Mackelplay_arrow

Wann zum Beispill een däitschen oder lëtzebuergesche Betrib, deen engem russesche Client eppes verkaaft huet, net méi kéint bezuelen, da wier de lëtzebuergeschen oder däitsche Betrib och betraff. "Dat heescht, Dir géift de ganzen Handel mat Russland flaachleeën, well de russesche Client kann net méi bezuelen, oder ëmgedréint." Domat wier déi ganz russesch Wirtschaft de facto ënnert engem Embargo, sou den Nicolas Mackel, Direkter vu Luxembourg for Finance.