Radioen

On air

Resonanzen  |  Clarence Cameron White

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: D'Direktiv bréngt konkret Changementer an der Praxis

EU-MINDESTLÉIN

Nicolas Schmit: D'Direktiv bréngt konkret Changementer an der Praxis

Op hirer Sitzung zu Lëtzebuerg stëmmen d'Aarbechtsministeren aus der Europäescher Unioun iwwert den Accord of, iwwert dee sech d'Memberlänner an d'Europaparlament déi lescht Woch eens goufen. Et gëllt als sécher, datt eng breet Majoritéit dofir ass.

auto_stories

3 min

Dee ganzen Interview mam Nicolas Schmit:

Lauschterenplay_arrow


D'Direktiv vum EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, dem Nicolas Schmit proposéiert Krittären, fir d'Mindestléin op nationalem Niveau auszerechnen.

Donieft muss all Land, an deem manner ewéi 80 Prozent vun de Salariéë un ee Kollektiv-Vertrag gebonne sinn, een Aktiounsplang virleeë mat Mesuren, wéi deen Taux kann eropgesat ginn. Dat wäert och fir Lëtzebuerg gëllen, wou den Ament ronn d'Hallschent vun de Salariéeën iwwert ee Kollektivvertrag ofgedeckt sinn.

Een eenheetleche Mindestloun anzeféieren, war ni virgesinn, seet iwwerdeems dem Nicolas Schmit am 100Komma7-Interview. Vu de groussen Ecart vun de Mindestléin an der EU wier dat och guer net méiglech.

"Et geet drëm, dofir ze suergen, datt do wou Mindestléin niddereg sinn, déi Léin reegelméisseg ugepasst solle ginn un d'Evolutioun an der Ekonomie, un de Liewensstandard an d'Käschten ugepasst ginn. Dat ass den Objektiv vun dëser Direktiv - net een eenzege Mindestloun, den absolut onrealistesch an net méiglech wier."

Lounpolitik als europäesche Sujet identifizéiert

Net méiglech ass dat, och well d'EU-Traitéen hei Limitte vir ginn. Lounpolitik ass eng national Kompetenz, dofir ass et och net méiglech, datt d'EU eng ënnescht Limitt fir een adequaten Mindestloun virschreift. Dofir hate sech d'Gewerkschaften um Ufank vun de Verhandlungen agesat, an och verschidde politesch Parteien, wéi zum Beispill déi europäesch Sozialdemokraten, deenen och den LSAP-Politiker Nicolas Schmit ugehéiert.

Enttäuscht wier hien awer net, sou den EU-Kommissär. Fir hien ass deen éischte Merite vun der Direktive deen, "datt doduerch d'Lounpolitik als europäescht Thema identifizéiert" gëtt.

"Mir hu limitéiert Kompetenzen an deem Beräich. Den Traité seet, datt mir keng Léin dierfe festleeën. Dat maache mer och net. D'Kommissioun hätt zum Beispill net kënne soen, de Mindestloun muss 60 Prozent vum Medianloun sinn. An deem Fall hätte mer jo de Mindestloun an all Land fest geluecht. Mir offréieren de Länner eng Rei vun Indicateuren. Jiddwer Land huet do eng bestëmmte Marge. Em Endeffekt maache mir awer ee Monitoring iwwert d'Lounpolitik an do besteet och d'Méiglechkeet Recommandatiounen ze maachen, fir datt d'Memberlänner eng Politik maachen, déi déi Konvergenz an Europa besser gestalt."

Legal Prozeduren net ausgeschloss

Sanktioune sinn an der Direktiv keng virgesinn. D'Kommissioun hätt net Wëlles ee Land op d'Geriicht ze huelen, am Fall wou d'Meenungen, wéi de Mindestloun soll ausgerechent ginn, ausernee ginn.

Den Nicolas Schmit erwaart sech awer, datt duerch déi Rapporten, déi d'Länner maache mussen och een Debat entsteet, dee Konsequenzen op d'Politik huet.

"Ech mengen, déi Dynamik, déi do entsteet, aus där Direktiv, wann d'Kommissioun de Länner matdeelt, datt hir Upassung net genügend ass, déi Dynamik wäert staark ginn a wäert dozou féieren, datt d'Länner sech iwwerleeën, wat ass méiglech, wat ass dran, wat soen d'Krittäre mer, a wéi wäit kann ech goen andeem ech dann awer d'Mindestléin upassen. Dat ass ee konkrete Changement an der Praxis."

Wichteg wier och, datt an der Direktiv festgehale gouf, datt d'Sozialpartner méi staark mussen agebonne ginn.

"Wann ee Land dat net mécht a keng Revisioun vum Mindestloun mécht, da besteet d'Méiglechkeet, datt d'Kommissioun drop opmierksam mécht, datt d'Prozedur, wéi se an der Direktiv festgehale gouf, net respektéiert gouf an bei d'Geriicht ze goen."