Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: "Ech ännere meng Positioun net"

EU-Kommissioun

Nicolas Schmit: "Ech ännere meng Positioun net"

Vum Aarbechtsminister zum Aarbechts-Kommissär: Den Nicolas Schmit muss d'Perspektiv wiesselen. Dat mécht den aktuellen Europadeputéierten andeems hie sech virhëlt, d'Dossieren "am Geescht vum Kompromëss" unzegoen.

auto_stories

4 min

Schonn 2014 hat den Nicolas Schmit ugesat EU-Kommissär ze ginn. Deemools koum de Jean-Claude Juncker deene Pläng an d'Queesch, doduerch datt hie Kommissiounspresident ginn ass. Hien hätt awer kee laangen Otem gebraucht, seet dozou den Nicolas Schmit am 100,7-Interview. "Dat ass ganz einfach eng Missioun, fir déi ech, mengen ech, gutt preparéiert sinn".

En Dënschdeg huet déi designéiert Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen him de Ressort Aarbecht als EU-Kommissär proposéiert. Virdru gouf et Rumeuren, dat hien de Portefeuille vun de Finanzservicer krit. "Dat wier kee Cadeau gewiescht, sou de fréieren Lëtzebuerger Aarbechtsminister. "Et wier och ee wichtegen Domaine fir Lëtzebuerg gewiescht. Ech sinn awer ganz zefridden, datt et am Endeffekt dat Soziaalt ginn ass."

Europa als "Kompromëssmaschinn"

Och de Ressort Soziales kéint kriddeleg Froen opwerfen, par Rapport zu nationalen Interêten. Ee Beispill dofir d'Koordinatioun vun de soziale Systemer an der EU - Eppes, dat dës Kommissioun proposéiert huet, a wou se net labber léisst. Als Lëtzebuerger Aarbechtsminister huet den Nicolas Schmit dogéint gewiert a wollt esou guer een Accord ënner de Memberlänner blockéieren. Wäert hien als EU-Kommissär seng Positioun änneren?

"Absolut net", sou den Nicolas Schmit, gëtt awer zou, dat den Dossier elo muss "am Geescht vum Kompromëss" virubruecht ginn. Als Aarbechtsminister hätt hien eng speziell Transitiounsléisung fir Lëtzebuerg ausgehandelt. Den Ament lafe Verhandlungen tëschent dem Parlament an de Memberlänner fir een definitiven Accord ze fannen.

"An do si mir elo. Also muss do een neien Ulaf geholl ginn. An do muss gekuckt ginn, wéi mir ee Kompromëss fannen. Déi nei Rapportrice vum Europaparlament, Gaby Bischoff, eng däitsch Gewerkschaftlerin huet d'Missioun mam Conseil an der Kommissioun ee Kompromëss ze sichen. Wann dat da bis iwwer den Oktober erausgeet, da wäert ech fir d'Kommissioun hëllefen, esou ee Kompromëss ze fannen."

Kee Representant vu Lëtzebuerg

Wéi wëllt den Nicolas Schmit d'Interête vu Lëtzebuerg an der Kommissioun verteidegen? Et wier wichteg, datt all Land ee Kommissär hätt, an datt all Kommissär d'Kenntnisser iwwer säin eegent Land an den Diskussiounen an der Kommissioun mat erabréngt. Ee Kommissär wier do awer net de Representant vu sengem Land, mee dee vun der ganzer Europäescher Unioun.

Als EU-Kommissär fir d'Aarbecht wier hie keen europäeschen Aarbechtsminister. Déi Kompetenze leie weiderhi bei de Memberlänner. Trotzdem kéint ee konkret eppes beweegen. Den Nicolas Schmit nennt d'Beispill vun engem europäesche Mindestloun. Dee kann een um europäeschen Niveau zwar net imposéieren, et wier awer wichteg "ee Kader ze hunn, mat europäesche Reegele fir dee Mindestloun".

"Wa mir wëllen Europa zesummenhalen, wa mir wëllen de Bierger d'Gefill ginn, datt Europa fir si do ass, da musse mir déi sozial Konvergenz onbedéngt erëm verbesseren."

Do wier ënner dem Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident eng nei Richtung ageschloe ginn. "Op där musse mir wiederfueren".

Keng Angscht virum Europaparlament

Den Nicolas Schmit schafft ënner der Koordinatioun vum Vizepresident vun der Kommissioun, dem Valdis Dombrovskis, deem säi Ressort den Titel "Eng Ekonomie, déi fir d'Leit schafft" dréit.

Och aner Vizepresidenten hunn een Titel, zum Beispill dee fir d'Migratioun, deen heescht: "D'europäesch Aart a Weis fir Liewen ze protegéieren". Op d'Fro, ob een dat als Ofschreckung par Rapport zu Refugiéë verstoe soll, seet den Nicolas Schmit.

"Dat kann ech Iech net soen, ech hunn déi Titelen net gesicht. Ech hunn et am Ufank och net genee verstanen, et muss sech elo weisen, wat dat genee heescht, an a wat fir eng Richtung dat geet."

Wéi all déi aner Kommissäre muss sech den Nicolas Schmit an engem Hearing am Europaparlament de Froe vun den Europadeputéierte stellen. Mécht déi Perspektiv hien nervös?

"Eigentlech net. Ech hu wëlles mech gutt virzebereeden. Dat ass een Examen, eng Erausfuerderung. Dat obligéiert een, seng Dossieren ze verdéiwen. Ech mengen, dat géif ech iwwerliewen."