Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Father John Misty - Chateau Lobby #4 (In C For Two Virgins)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Niddreg Waasserpeegele problematesch fir Flosstransport

Wirtschaft

Niddreg Waasserpeegele problematesch fir Flosstransport

Wann de Peegel vum Rhäin net geschwënn erëm klëmmt, da kéint et deemnächst onméiglech ginn, vu Mäertert iwwert de Rhäin op Antwerpen oder iwwerhaapt an den Norden ze fueren. Dat seet de Gilles Braquet, techneschen Direkter vum Logistikzenter Luxport.

auto_stories

1 min

Foto: Foto: Luxport

De Gilles Braquet lauschterenplay_arrow

. Stand haut léich de Peegel vum Rhäin bei extreem niddrege 70 Zentimeter. De Ree vun haut an den nächsten Deeg géif just kuerzfristeg Entlaaschtung bréngen, well d'nächst Woch erëm héich Temperaturen erwaart géife ginn, sou de Gilles Braquet. Bei niddregem Stand kënnen d'Schëffer net sou schwéier beluede ginn. Déi aktuell Situatioun hätt deemno ee groussen Impakt op den Ëmschlag um Mäerterter Hafen, seet de Gilles Braquet.

Aktuell géifen iwwer de Waasserwee gréisstendeels just Sperrmüll oder Wueren déi ze laang fir d'Strooss sinn, transportéiert ginn.

Sand oder Salz géifen de Moment iwwerhaapt net méi iwwer de Mäerterter Hafe kommen. D'Aktivitéit hätt generell staark ofgeholl, sou de Gilles Braquet, techneschen Direkter vum Logistikzenter Luxport um Merterter.