Den Accord, deen elo fonnt gouf, ass provisoresch. Ee Frontalier, deen op d'mannst sechs Méint hei am Land geschafft huet, hätt deemno e Recht op eng Allocatioun zu Lëtzebuerg, wann hie seng Aarbecht verléiert. D'Reglement gesäit vir, datt hie maximal 15 Méint laang Gebrauch vun deem Recht maache kann.
An der EU sollen d'Systemer fir d'Sécurité sociale ënner de Memberlänner besser openeen ofgestëmmt ginn. Schonn zanter bal dräi Joer gëtt iwwer een entspriechend EU-Reglement diskutéiert.
Oppositioun vu Lëtzebuerg a fënnef aneren EU-Länner
Lëtzebuerg war géint d'Propos, wéi se bis elo virlouch. Dës Manéier Chômeuren ze entschiedege géif Abusen d'Dier opmaachen, seet den Aarbechtsminister Dan Kersch de leschte Freideg zu Bréissel.
De Grand-Duché hat sech mat fënnef anere Länner dofir agesat, dat een elo keng Decisioun hëlt. Den Accord, deen haut fonnt gouf, ass provisoresch. D'Europaparlament an d'Memberlänner mussen nach am Conseil zoustëmmen.
Dem neie Reglement no kritt een EU-Bierger an deem Land ee Recht op Chômage, wou e geschafft huet an net, wéi bis elo, do wou ee wunnt. Deemno géifen am Grand-Duché déi bal 200.000 Frontalieren e Recht op Chômage zu Lëtzebuerg kréien.
Dem Accord no géif d'Reglement vill méi wäit goen, wéi bis elo virgesinn. An de virleefege Versioune war rieds dovun, datt Frontaliere missten tëschent néng an zwielef Méint an engem EU-Land schaffen, éier si ee Recht op Chômage-Indemnisatiounen hunn.
D'Propos iwwer déi verhandelt gouf, wier net transparent an dowéinst net sprochräif, sou d'Lëtzebuerger Regierung. Déi zoustänneg Ministere Romain Schneider an Dan Kersch waren de leschte Freideg zu Bréissel an hate Geleeënheet mat den EU-Kolleegen doriwwer ze diskutéieren. Och Éisträich, Däitschland, Dänemark, Holland an d'Belsch hate sech dofir agesat, datt eng Decisioun verluecht gëtt.
Lëtzebuerg krit siwe Joer Zäit, d'Reglement ëmzesetzen
Fir de Grand-Duché sti vill Suen um Spill. Wéi d'EU-Kommissioun d'Reglement 2016 proposéiert huet, haten hir Experte vu 57 Milliounen d'Joer geschwat. Zu Lëtzebuerg gouf dee Chiffer deemools méi héich ageschat. Well d'Lëtzebuerger ADEM net dofir ausgeluecht ass fir sech kuerzfristeg ëm sou vill Leit méi ze bekëmmeren, hat schonn de fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit eng Derogatioun gefrot. Där Ausnamereegelung no géif de Grand-Duché dann och siwe Joer méi laang Zäit kréien, éier déi nei Reegel misst ëmgesat ginn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.