Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No déidlechem Accident: Goldschmidt plädéiert fir Radaren an Tempo 30

Verkéier

No déidlechem Accident: Goldschmidt plädéiert fir Radaren an Tempo 30

Nom Accident mat dräi Doudegen e Méindeg am Neiduerf plädéiert de Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt dofir, fir op där an aneren Entréeën an d'Stad ee Radar opzestellen. Doriwwer eraus ass hien der Meenung, datt Tempo 50 just nach d'Ausnam bannent der Stad sollt sinn. Och wann d'Enquête iwwer d'Ëmstänn vum Accident misst ofgewaart ginn, wier net auszeschléissen, datt Vitess am Spill war, sou de Patrick Goldschmidt. Och d'Bewunner vum Quartier soen, d'Plaz vum Ongléck wier geféierlech.

auto_stories

2 min

Foto: DPA / Paul Zinken

Lauschterenplay_arrow


Fir datt motoriséiert Gefierer op esou Plaze wéi am Neiduerf, wou et vu Vitess 90 op 50 erofgeet, méi lues fuere gesäit de Stater Verkéiersschäffen de Radar also als Léisung. Hien hofft, datt Radaren an den nächste Joren och an de Wunnquartieren zur Normalitéit ginn. Iwwert genee Piste gëtt de Patrick Goldschmidt keng Detailer.

D'Stad Lëtzebuerg hätt intern Lëschte mat verschiddene Plazen opgestallt déi dem Transportminister geschéckt solle ginn. An enger zweeter Etapp soll da gekuckt ginn, wou et Sënn géif maachen e Radar ze placéieren.

Ministère wëllt nach eng Kéier mat de Gemengen iwwer d'Theema schwätzen

Am Dezember 2021 huet de Mobilitéitsministere Richtlinne festgeluecht, déi et solle méi einfach maachen, op Demande vun de Gemengen och op staatleche Stroossen, wéi der N1 am Neiduerf, de Verkéier ze berouegen. Am Summer soll elo nach eemol mat enger Broschür déi un d'Gemenge geet nogeluecht ginn, seet de François Bausch iwwer d'Zilsetzung.

"Wann eng Gemeng zum Beispill an enger Uertschaft eng Verkéiersberouegung wéilt maachen an do fält och eng Staatsstrooss dran, datt d'Gemeng weess wann ech dat wëll maachen dann hunn ech déi an déi Virgaben an hei ass d'Geschierkëscht déi ech kann asetze fir, datt ech dat och hikréien, dat heescht, datt et méi séier geet."

Patrick Goldschmidt: Méi Radaren an der Stad

Nieft de Radaren och an de Quartiere plädéiert de Patrick Goldschmidt och fir ee generellen Tempolimitt bannent der Stad.

"Ech si prinzipiell der Meenung, datt d'Zukunft soll sinn, datt d'Reegel 30 soll sinn innerorts an d'Ausnam 50."

De Staat hätt dee Moment ëmmer d'Méiglechkeet Ausnamen ze definéieren.

François Benoy: Weider a verstäerkt op Foussgänger- a Vëloverkéier setzen

Fir de grénge Stater Conseiller François Benoy alles Pläng déi gutt sinn, awer net duerginn. Ouni gebaute Mesuren, sougenannt Schikanen zum Beispill, géif eng 30er-Zon zum Beispill näischt bréngen, seet hien a fuerdert op een Neits een méi resolut Ëmdenken. Et sollt een de Verkéier esou ëmorganiséieren, datt ee mam Vëlo oder zu Fouss kéint vu Punkt A op Punkt B kommen an den Autosverkéier och defavoriséieren.

De François Benoy verweist och op den Nationale Mobilitéitsplang dee virgesäit, den Trafic dee vu baussen an d'Stad erakënnt progressiv ze limitéieren an ëmzeleeden.