Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - Orwell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Corona: Nei Reegele fir ee méi robuste Welthandel

Corona-Kris

No Corona: Nei Reegele fir ee méi robuste Welthandel

D'EU muss engersäits kucken, wéi se manner ofhängeg vu bestëmmte Länner wéi China gëtt. Anerersäits wier et awer och keng Léisung elo ze probéieren d'Produktioun an Europa ze verlageren. Dat seet de President vun der zoustänneger Kommissioun am Europaparlament, de Bernd Lange. Den SPD-Europadeputéierte plädéiert dofir, datt ee Gesetz op EU-Niveau dofir suergt, dat den Handel méi krisesécher gëtt.

auto_stories

3 min

Duerch d'Corona-Kris kéint de Welthandel ëm bis zu engem Drëttel ofhuelen. Dat ass de Pronostic vun der Welthandelsorganisatioun. Den Debat, wéi sech Europa no der Kris opstellt, ass schonn amgaang, sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, deen op europäeschem Niveau och fir den Handel zoustänneg ass, Mëtt Abrëll an enger Diskussioun, déi vum Lëtzebuerger Büro vum Europaparlament organiséiert gi war.

Dat ass awer net d'Direktioun, déi een elo aschloe soll, esou d'Warnung vum Jean Asselborn.

Och de President vun der Kommissioun fir den internationalen Handel vum Europaparlament, de Bernd Lange, gesäit den Auswee net am Protektionismus.

"EU-Kommissioun huet ze spéit reagéiert"

Hie kritiséiert virop déi national Reflexer vu verschiddenen EU- Memberlänner um Ufank vun der Kris.

Däitschland an déi Tschechesch Republik haten effektiv decidéiert, datt Produite wéi Masken oder aner medezinesch Schutzkleedung net méi dierften exportéiert ginn.

Hei huet d'Europäesch Kommissioun ze spéit an net resolut genuch reagéiert, seet den SPD-Europadeputéierten.

D'Kommissioun huet duerno Aschränkunge fir den Export vu Schutzausrüstungen aus der EU eraus ageféiert. Et sollt verhënnert ginn, datt déi liewenswichteg Produiten un Abnehmer baussen der EU verkaf ginn, déi am meeschte bidden.

Vill méi kann d'Kommissioun allerdéngs net maachen. A weider Elenggäng sinn och an Zukunft net ausgeschloss.

Ee verbindlecht "Lieferkettengesetz"

De Bernd Lange wëllt dat verhënneren, andeems der globaliséierter Ekonomie méi Reegelen operluecht ginn.

Konkret proposéiert hien, datt d'Approvisionnements-Chaînë gesetzlech gereegelt ginn. "Ein verbindliches Lieferkettengesetz, in dem die Sorgfaltspflicht für die Unternehmen organisiert wird. Damit klar ist, welche Risiken in einer Lieferkette sind und welche Maßnahmen ergriffen werden müssen, um sie zu beseitigen."

Doduerch géif den Handel méi robust ginn, sou de Bernd Lange. Entreprisë kréiche Garantien a vun transparente Strukture kéinten och d'Salariée profitéieren. Et misst een europäesch reagéieren a verhënneren, datt jiddwer Land eege Mesuren hëlt.

Esou ee "Lieferketten-Gesetz" gëtt et scho fir verschidde Matière premièrë wéi Gold oder Zénk, wou bestëmmten Importreegelen an der EU a Kraaft sinn. Et hat allerdéngs siwe Joer gedauert, bis dat Gesetz prett war.

D'Parlament wier schonn amgaang un deem neie Gesetz ze schaffen. Ufank nächst Joer soll eng Propos um Dësch leien.

No der Kris wier et ubruecht, datt sech europäesch Produzenten anescht behuelen: hir Liwwerante méi diversifizéieren, d'Produktioun net méi just nach dohi verlageren, wou se am effikassten ass.

"Produktioun verlageren ass keng Léisung"

Wéi kann dann elo verhënnert ginn, datt d'EU weiderhin a verschiddene Secteuren ofhängeg vum internationale Marché a speziell vu Liwweranten aus China ass?

Hei huet d'EU prinzipiell net vill Spillraum, gëtt de Bernd Lange zou. D'Méiglechkeete fir duerch politesch Mesurë ganz Produktiouns-Chaînen an d'EU ze verlagere wiere beschränkt.

Elo ze probéieren, duerch Staatsbäihëllefe Produktiounen ze verlageren, géif net nëmme géint d'Reegele vun der Welthandelsorganisatioun verstoussen, esou de President vun der Handelskommissioun. Hie gesäit hei och d'Gefor, datt de Probleem esou net geléist gëtt. An Europa produzéiere wier méi deier, an et géif gläichzäiteg Aarbechtsplazen an anere Länner zerstéieren. De Sozialdemokrat setzt hei drop, datt d'Entreprisë selwer Verflichtungen aginn.

Dem Bernd Lange seng Propos geet iwwregens net an déi nämmlecht Richtung wéi de Wee, deen d'Kommissioun wëllt aschloen. Den Handelskommissär Phil Hogan setzt sech éischter dofir an, datt d'Fräihandelsverträg mat den Handelspartner vun der EU verbessert ginn.