Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Situatioun am Spidol "Erasme"

No den Attentater

D'Situatioun am Spidol "Erasme"

No den Attentater um Dënschdeg goufen d’Bréisseler Spideeler mobiliséiert. Iwwer 200, deels schwéier verletzte Persoune goufen a 15 Klinike behandelt. Wéi hunn d’Dokteren an d’Hellefskräften den 22. Mäerz erlieft? Mat wei enge Verletzunge ware si confrontéiert?

auto_stories

4 min

Dr Jean-Paul Van Vooren

"D'Quantitéit vum Blutt! Et ass eng Medezin, déi mir net gewinnt sinn. Wat mech bei deenen éischte Patienten, déi ageliwwert goufen, impressionéiert huet, war wierklech d'Blutt." Géint hallwer 10 wieren déi éischt Patienten an d’UNI-Klinik Erasme ageliwwert ginn, erkläert d’Chefinfirmière.

"Equipegeescht huet d'Patiente gerett"

D’Spidol zu Anderlecht ass eent vun deene gréisste bei Bréissel. Hei goufe 16 Affer vun den Attentater behandelt. Et wier net einfach gewiescht, sech z'organiséieren, sou de medezinesche Direkter Jean-Paul Van Vooren virun der Presse. Eng gutt Virbereedung an den Equipegeescht hätten d’Patiente gerett.

D’Klinik schafft nom belschen Noutfallplang MASH (Mise en alerte des services hospitaliers). E Plang, deen am Krisefall d’Zesummespill vun Urgence-Dokteren an den ënnerschiddleche Fachberäicher koordinéiert.

D'Affer vun den Attentater hate virun allem Brandblessuren, Traumaen duerch d'Detonatiounen a Blessuren duerch Splitteren. Dës Form vu Verletzunge wär een hei net gewinnt, erkläert de Christian Melot. De Chef vun den Urgence schwätzt vu Krichsverletzungen. "Kee vun de Patienten hat just eng Verletzung. Si haten alleguer multipel Verletzungen." Et wär ganz anescht, wéi bei zum Beispill bei Affer vu Verkéiersaccidenter.

Als Dokter hätt hie scho vill schlëmm Blessure gesinn. Trotzdem hätt hie konkret dës Geschicht emotional besonnesch markéiert. Hien erzielt vun engem jonken Affer. Seng Mamm hätt nom Attentat um Fluchhafe gesot, hie sollt net mam Metro fueren. "Hie sot Zaventem hätt näischt mam Metro ze doen." Hien hätt de Metro geholl a wär bei der Explosioun zu Maelbeek dobäi gewiescht.

Nolauschtere fir ze hëllefen

Vun Ufank u war eng Equipe vu Psychologen op der Plaz. Fir d’Familljemembere vun den Affer a manner schwéier blesséiert Persounen ze betreien. Och no der Behandlung misst een de Patienten nolauschteren, erkläert de Christian Melot.

Vum post-traumatesche Stress kéint een d'Patiente just duerch Schwätze befreien. "Et muss een hinnen nolauschteren, a si wäerten ëmmer nees déi selwecht Geschicht erzielen. Do muss een einfach nolauschteren an net soen, si hätten dat schonn erzielt."

Och fir d’Rettungsdéngschter an d’Doktere gëtt psychologesch Hëllef ugebueden. D'Chefinfirmière seet, datt och d'Personal sech Suergen ëm hir Famill a Bekannte gemaach hätt. Si lueft awer de Professionalismus an d'géigesäiteg Hëllef zwëschent de Mataarbechter.