Den neien Direkter vum Escher Spidol seet, hien hätt den Androck, datt d'Stëmmung ënner dem Personal vu sengem Haus sech "kloer verbessert" hätt, nodeems et d'läscht Joer Mobbing-Virwërf a verschiddenen Departementer gouf.
Den René Metz betount, hien hätt sech als neien Direkter vum CHEM ënnert anerem dofir agesat, datt méi Leit an déi intern Decisiounsprozesser agebonne ginn.
"...wou e Gläichgewiicht besteet tëscht der Direction médicale, der Direction des soins, der Direction administrative, an de Resources humaines, wou am Fong all déi leit eng Echange-Kultur nei solle liewen. An ech mengen datt mer do e grousse Schrëtt viru komm sinn."
Den Dokter René Metz ass zënter 4 Méint Direkter vum CHEM.