D'Ofschneide vu senger Partei féiert de Felix Eischen dorop zeréck, datt ee mat manner bekannte Gesiichter an Wahl gaangen ass.
De Choix vun de Kandidate géif hien awer net bereien. Et wier eng gutt Equipe gewiescht. De Generalsekretär vun der CSV gesäit och net, datt no dem Resultat vu gëschter d'Parteispëtzt vun der Basis a Fro gestallt gëtt. Op dem Wahlresultat vun der CSV géif sech opbaue loossen, dovu wier hien iwwerzeegt, sou de Felix Eischen.