Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber: Nofolleg vum Marc Angel net kloer

Chamber

Chamber: Nofolleg vum Marc Angel net kloer

Et ass nach net gewosst, wie fir de Marc Angel an d'Chamber noréckelt. Wann den LSAP-Deputéierten aus dem Wahlbezierk Zentrum wéi geplangt am November Europadeputéierte gëtt, gëtt seng Plaz an der Chamber fräi.

auto_stories

1 min

Nächst gewielt op der LSAP-Zentrumslëscht ass d'Francine Closener. Déi fréier Staatssekretärin war de Mëtteg net fir eng Ausso ze erreechen. Géigeniwwer RTL sot si d'lescht Woch, si wier nach net decidéiert, ob si d'Mandat an der Chamber wéilt unhuelen. D'Francine Closener war d'lescht Joer net erëmgewielt ginn a schafft elo am Ausseministère als Coordinatrice fir d'Promotioun vum Land.

Nächstgewielt hanner der Francine Closener ass d'Cecile Hemmen. Si sot eis de Mëtteg, si wier prett fir dem Marc Angel seng Plaz an der Chamber unzehuelen, wann d'Francine Closener dat net géif maachen.

De Marc Angel wäert wéinst dem Europaparlament och am Stater Gemengerot ophalen. Den Zentrumspolitiker sot eis, d'Joanne Goebbels, Nächstgewielte bei de Gemengewahle vun 2017, géif dat Mandat iwwerhuelen.


De Bäitrag vum Maxi Pesch:

Lauschterenplay_arrow