D'Parlament wäert an Zukunft net méi 751, mee just nach 705 Deputéiert hunn. Nei dobäi si vun elo un 27 Europadeputéiert aus 13 verschiddene Länner. Doduerch verännert sech d'Zesummesetzung vun de politesche Gruppen an et kéint sinn, datt déi riets-extrem Fraktioun Identitéit an Demokratie, an där ënner anerem déi däitsch Alternative für Deutschland, de franséische Rassemblement an d'Freiheitliche Partei Österreichs sëtzen, déi véiert stäerkst Kraaft am Europaparlament ginn.
Wat verännert sech konkret? Wéi eng Konsequenze sinn ze erwaarden?
Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.