D'Koordinatioun vum nationale Rettungscorps wier nom Tornado e Freideg bis elo generell gutt verlaf. Dat seet de Koordinator vum CGDIS, de Colonel Raymond Guidat. Et misst een awer eng Analys vun den Aarbechte maachen, soubal d'Interventiounen ofgeschloss sinn. Déi Analys kéint e puer Méint daueren. Eng 500 Leit hunn der Inneministesch no Schied nom Tornado gemellt. 24 Plaze missten nach kontrolléiert ginn, esou de Colonel Raymond Guidat.
"Dat gëtt haut gemaach. Ech denken haut dierfte mir - net komplett - d'Aarbechten ofschléissen, well sécher an den nächsten Deeg ëmmer nach Uriff era wäerte komme wéinst Saachen, déi observéiert goufen oder bis ewell net opgefall sinn - mee de Gros vum Dispositif wäert ofgebaut ginn. Wa sech nach vereenzelt Froe stellen, sinn d'Rettungszentrale vu Käerjeng a Péiteng do fir sech drëm ze këmmeren."