Nominéiert fir de groussregionale Robert Schuman Konschtpräis bekannt

Déi véier Kënschtler Laurianne Blixhain, Mike Bourscheid, Gilles Pegel a Letizia Romanina sinn dëst Joer zu Lëtzebuerg fir de Prix d’Art Robert Schuman nominéiert, goufe mer gewuer. Dee mat 10.000 Euro dotéierte Präis fir zäitgenëssesch Konscht gëtt zënter 1991 vun de Stied Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier verginn.

An all Stad, déi matmécht, gi véier Artisten ausgewielt, déi all Kéier bis zu fënnef Wierker mussen areechen. E Jury mat Experten aus der Groussregioun selectionéiert dann de Gewënner. D’Laureatin vun der Editioun 2013 war d’Elodie Lanotte vu Metz. Vu Lëtzebuerg haten 2001 d’Su-Mei Tse an 1991 d’Marie-Paule Schroeder de Präis gewonnen, deen als Zil huet, d’artistesch Kreatioun an der Groussregioun z’encouragéieren.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen