Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Alternativen opweisen"

Transition Days

"Alternativen opweisen"

Op den Transition Days geet et ëm d'Fro, wéi ee sech gutt ernäre kann an an engems d'Limitte vum Planéit a vum Klima respektéieren. Wéi een d'Iessgewunnechten zu Lëtzebuerg an deem Sënn ännere kann, ass ee vun den Defien.

auto_stories

3 min

Bierger, Experten, Politiker a Professioneller aus dem Beräich Liewensmëttelproduktioun sichen op den Transition Days no Léisungen, fir den Impakt vun eisem Konsumverhalen op de Klimawiessel an d'Ëmwelt ze reduzéieren. 99 Prozent vum Uebst a Geméis, dat am Grand-Duché giess gëtt, géif importéiert ginn, seet de Norry Schneider. Dofir wieren d'Leit dacks iwwerfuerdert a si hätten d'Gefill, näischt maachen ze kënnen.

Alternativen ubidden

Zu Lëtzebuerg géif dacks iwwert d'Iessen an iwwert d'Liewensmëttelproduktioun geschwat ginn. Am Rifkin Rapport gouf et och ee Kapitel doriwwer. Et wier een awer nach ëmmer op deem Stand, datt ee sech op Konferenzen d'Käpp aschléit, ob ee fir oder géint eppes ass. D'Transitiounsplattform seet, datt d'Land einfach keng Zäit dofir huet, esou den Norry Schneider.

Och zu Lëtzebuerg géif et Léisunge ginn, mä se wiere relativ onbekannt. D'Transition Days wëlle Fuerscher, Leit aus Verwaltungen, Parteien a Bierger zesummebréngen. "Mir hu 50 Leit vum Terrain invitéiert, déi hir konkret Erfarungen a Léisunge presentéieren", seet de Norry Schneider.

Alternativen

Bannent deene leschten zéng Joer huet sech de Präis vum Agrarland quasi verduebelt. 1990 gouf et nach 3800 Baueren, haut sinn et der nach 2000. Et bräicht een dofir eng Ergänzung zu der aktueller Landwirtschaft. Et géing een eng solidaresch Landwirtschaft proposéieren, déi de Produzent an de Konsument vernetzt. "Do ginn et mëttlerweil véier Betriber zu Lëtzebuerg an do gëtt et Loft no uewen, seet de Norry Schneider.

Et géifen och vill Gemenge ginn, déi dat mëttlerweil wëlle maachen. Déi Gäert hätten eng pedagogesch Funktioun, wëll d'Bierger a Kontakt komme mam Gaart, mat de Saisonen, mam Erhale vum Buedem, vun de Ressourcen an och mam Saatgut, ënnersträicht den Norry Schneider.

Massiven Asaz vu Pestiziden an der EU

De Konsument kéint duerch säi Choix u Liewensmëttel d'Produktioun beaflossen. D'Baueren déi déi konventionell Landwirtschaft bedreiwen, missten iwwerliewen. Dofir géife si op Pestiziden zeréckgräifen. "Mä wa si géife gesinn, datt d'Konsumenten eppes anescht froen an och bereet si méi ze bezuelen, da kéinten d'Baueren hir Produktiounsmethod änneren", mengt den Norry Schneider.
"Mat de Pestizide si mir am gaangen de Buedem futti ze maachen, an do schloe mir natierlech d'Bréck zum Klima, well Schutz vum Buedem ass och Klimaschutz", sou den Norry Schneider.

Fleeschkonsum zu Lëtzebuerg ass ze héich

De Lëtzebuerger consomméiert am Duerchschnëtt 100 Kilo Fleesch pro Joer, dat ass duebel esou vill wéi am Recht vun der Welt, kritiséiert den Norry Schneider. De Grand-Duché läit op der drëtter Plaz vun der Lëscht, déi d'FAO opgestallt huet. Dat ass d'Lëscht vun der Ernährungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun den Vereenten Natiounen. Et misst een net vegan sinn, fir de Fleeschkonsum erofzesetzen. Vill Kantinnen a Maison Relaisen hätte bal all Dag Fleesch um Menu stoen. Och do kéint een handelen, seet den Norry Schneider.