Rezent hat eng Annonce vum CHEM zu Nidderkuer op de sozialen Netzwierker fir Opreegung gesuergt. Do huet et geheescht, datt d'Urgencen an Zukunft vun Esch an net méi vun Nidderkuer assuréiert géife ginn. Effektiv gesäit dat neit Spidolsgesetz vir, datt vun 2019 un all Spidol just nach eng zentral Urgence am Haaptspidol dierf hunn.
Am 100,7-Interview berouegt de Generaldirekter vum CHEM, den Dr. Hansjörg Reimer. Och an Zukunft géifen Noutfäll an deene verschiddene Spideeler behandelt ginn. Et géif just net méi Urgence heeschen, mee Passage en policlinique non-programmé. Et géif awer weiderhi bedeiten, datt de Patient vu moies 7 bis owes 9 kann an eng Poliklinik kommen, seet hien. Och an der Nuecht sollen d'Behandlung zu Nidderkuer am Noutfall assuréiert bleiwen.
Angscht ass net gerechtfäerdegt
Zu Nidderkuer géifen an der Moyenne fënnef bis siwe Patiente pro Nuecht an d'Urgence kommen. Dat wiere knapp fënnef Prozent vun all de Patienten. D'Angscht, datt Haaptspidol zu Esch elo géif iwwerfuerdert gi well déi offiziell Urgencen do assuréiert solle ginn, wier net gerechtfäerdegt, erkläert den Dr. Hansjörg Reimer.
D'Klinik zu Esch sollt méi Personal kréien, ënner anerem méi Dokteren. Weider géif an den nächste Joren e "Fast Track" op d'Been gestallt ginn, wou een den Dokter just eng Kéier géif gesinn. Enger Etüd no géifen d'Attenten deemno ëm 30 Minutte reduzéiert ginn, esou den Direkter vum CHEM. Weider wier et positiv, datt déi beschten Techniken elo all op enger Plaz rassembléiert wieren.
D'Maxi Pesch am Panorama, den 28. Dezember um 7 Auer: