Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Null Offall Lëtzebuerg

Recycling

Null Offall Lëtzebuerg

Manner Offall produzéieren, méi recycléieren a besser consomméieren, dat waren d'Haaptmessagen an der Chamberdebatt zur Strategie "Null Offall a manner Plastik", déi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg lancéiert huet.

auto_stories

4 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / nopponpat

Null Offall Lëtzebuerg, d'Ambitioun vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, fir de Reschtoffall op Null erof ze drécken, krut an der Chamber eng breet Ënnerstëtzung. Offall vermeiden heescht awer och keen Offall produzéieren.

Do gëllt et déi ganz Produktiouns a Vermaartungsprozesser z'iwwerdenken. D'Zil muss et sinn sou wéineg ewéi méiglech Dreck ze produzéieren an esou vill ewéi méiglech ze recycléieren.

Lëtzebuerg läit iwwer europäescher Moyenne

Positiv zu Lëtzebuerg ass, datt de Gesamtvolume un Offall bannent deene leschte Joren trotz Zouwuess vun der Populatioun a vun den Aarbechtsplazen net an d'Luucht gaangen ass. Pro Kapp a pro Joer, sinn et ronn 600 Kilo. Domat läit Lëtzebuerg awer wäit iwwer der europäescher Moyenne. Dobäi kënnt datt net genuch gesënnert gëtt, fënnt de gréngen Deputéierte François Benoy:

"D'Hallschent vum Offall zu Lëtzebuerg ass Reschtoffall a gëtt verbrannt oder geet op d'Deponie. 29 Prozent gëtt recycléiert, 20 Prozent kompostéiert. Mir mussen also nach weider Efforte maache fir den Undeel u Reschtoffall ze reduzéieren."

Prinzipiell soll den Offall vun Ufank un reduzéiert ginn, d'Produiten, déi nëmmen eng Kéier genotzt ginn, sollen duerch Alternativen ewéi Ecoboxen ersat ginn.

Onnéidegen Offall vermeiden

Mam Gesetz iwwer den Offallaktiounsplang deen ausgeschafft gëtt, wëllt d'Ëmweltministesch d'Kreeslafwirtschaft promovéieren an den onnéidegen Offall verhënnere bezéiungsweis verbidden. Dat gelt fir Plasticksbesteck, Telleren, Schallimoen, mee och fir Mikroplasticken an de Kosmetikartikelen, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg:

"D'Mikroplasticke maache mir awer Suergen, well mir hate rezent eng Ëmwelt-ONG déi eis live gewisen huet, wéi vill Mikroplasticke bei eis an der Musel schwammen an dofir musse mir, an dat hu mir eis als Regierung virgeholl, iwwer Direktiven erausgoen an um nationale Plang Mikroplasticke verbidden an zwar och zum Beispill an den Hygieneproduiten, well déi hunn do näischt ze sichen, an och net an eise Gewässer an och net an den Déieren, déi da qualvoll stierwen."

Mee kann de Grand Duché eleng esou eng Decisioun treffen, freet sech de Max Hahn vun der DP:

"An der Realitéit kënne mir als Lëtzebuerg esou eng Mesure eleng awer nëmme schwéier ëmsetzen. Als klengt Land ass Lëtzebuerg komplett vum europäesche Marché a vun Importer aus dem Ausland ofhängeg. Dowéinst muss d'Politik als alleréischt klären, ob no de Reegele vum europäesche Bannemaart et iwwerhaapt legal ass en nationale Virstouss an där Matière ze maachen."

Méi Efforte beim Recyclage

Beim Plastik gëtt nëmmen een Drëttel vum ganze Volume recycléiert an do misst ee wäit méi Efforte maachen. Eng Propos déi dacks ernimmt gouf, ass dee vum Vidange, erkläert de Franz Fayot vun der LSAP: "Ee Pfandsystem och bei Plastiksfläschen, wéi dat och zum Beispill an Däitschland besteet, dat wier an eisen Aen e gudde Wee zu Lëtzebuerg fir och op déi 90 Prozent ze kommen."

De Gast Gibéryen ënnerstëtzt dat a wëllt méi wäit goen an nennt d'Beispill vu Mëllechproduiten:

"Huelt nëmmen déi Jughurtsbecheren, déi kritt een haut och a Glieser. Firwat maache mir dat net a Glieser? Wisou uniformiséiere mir net d'Glieser an d'Fläschen, datt se tëschent de Produiten austauschbar sinn?"

Liewensmëttelverschwendung ass ee Problem

Zum Liewensmëttel verbëtzen, sot de Paul Galles vun der CSV, datt 2013/2014 schonn erauskomm ass, datt 46 Prozent vun den Offäll vermidde kéint ginn.

"All Persoun veruersaacht duerchschnëttlech 56 Kilo pro Joer. Wat de Laurent Zeimet schonn deemools monéiert hat ware beispillsweis déi vill Liewensmëttel, déi ewechgeheit gi well se een Dag ofgelaf sinn. Hei misst een de Leit dach iergendwéi erëm kënne bäibréngen, hirem Goût an hirer Nues ze vertrauen, an net ëmmer deem, wat op der Verpackung steet."

De Marc Goergen vun der Piratepartei huet gefuerdert, datt all Gemeng soll dozou iwwerzeegt gi fir eng gréng Dreckskëscht zur Verfügung ze stellen, an datt d'Stéit nëmmen da solle bezuelen, wa se hire Kiwwel eraus setzen.