Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Robyn - Missing U

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Méisproochegkeet méi eescht huelen"

Sproochepolitik

"D'Méisproochegkeet méi eescht huelen"

Iwwer d'Ziler vun der Sproochepolitik gëtt net explizit diskutéiert, seet d'Politikwëssenschaftlerin Núria Garcia. Dat géif Problemer mat sech bréngen: Net fir d'Kommunikatioun am Alldag, mee fir déi politesch Participatioun a fir de Schoulsystem.

auto_stories

6 min

D'Méisproochegkeet hei am Land ass am internationale Verglach besonnesch, erkläert d'Núria Garcia: Et ginn net verschidde parallel Sproochegruppen, mee ee ganz héije Prozentsaz vun den Awunner schwätzt effektiv méi Sproochen. D'Méisproochegkeet wier een historescht Ierwen, mee dowéinst net eppes wat vun Natur aus gi wier:

"D'Sproochesituatioun vun haut gëtt duergestallt als een Entwécklungsprozess, dee sech quasi ongewollt esou ofgespillt hätt. Mee wann ee sech déi historesch Entwécklung iwwert ee méi laangen Zäitraum ukuckt, gesäit een, datt et d'Resultat vu ganz verschiddene politeschen Entscheedungen ass."

Meeschtens hätten déi Entscheedungen zu engem konkreten Zäitpunkt, op eng konkret Erausfuerderung reagéiert a si hätten deels laangfristeg Konsequenzen gehat, déi net geplangt waren, esou d'Núria Garcia.

Decisiounen, an Net-Decisiounen

Als wichteg Stéchdatume fir d'Entwécklung vun der Sproochesituatioun, nennt d'Núria Garcia:

  • D'Primärschoulsgesetz vun 1843 wier "eng vun den éischte sproochepoliteschen Decisiounen": Datt d'Schüler Däitsch a Franséisch solle léieren ass eng strategesch Entscheedung fir sech als onofhängegt Land ze positionéieren.
  • 1848 gëtt d'Gläichberechtegung vum Däitschen a Franséischen an d'Verfassung ageschriwwen.
  • 1912 gëtt zousätzlech dat Lëtzebuergescht eng éischte Kéier als Schoulfach am Primaire agefouert.
  • Zweete Weltrkich: D'Ofgrenzung zu Nazi-Däitschland wier eng "zentral Rupture" an ee Lien tëscht Lëtzebuerger Sprooch a Souveränitéit gëtt gemaach.
  • 1948: D'Zweessproochegkeet gëtt aus der Verfassung gestrach an d'Sproochesituatioun soll iwwer Gesetz geregelt ginn, wat awer 36 Joer op sech waarde léisst. Un der méisproocheger Praxis hätt sech doduerch näischt geännert.
  • 1984: Sproochegesetz definéiert d'Lëtzebuergescht als Nationalsprooch, Gesetzsprooch ass dat Franséischt, zesumme mam Däitsche ginn et dräi administrativ Sproochen.

Symbolesch Opwäertung, laangfristeg Konsequenzen

Datt et 1984 zu engem Sproochegesetz koum, hätt mat der Politiséierung vun der Sprooch zënter den 1970er Joren ze dinn. Ee wichtegen Acteur wier deemols d'"Aktioun Lëtzebuergesch" gewiecht. D'Gesetz hätt an éischter Linn eng symbolesch Opwäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch mat sech bruecht, esou d'Núria Garcia. Et huet keng konkret sproochepolitesch Mesurë virgesinn, zum Beispill am Schoulsystem. Net gekläert gouf och, wat genee d'Roll vum Lëtzebuergeschen am Kontext vun der Méisproochegkeet sollt sinn. Dat géif bis haut eng Roll spillen, huet d'Politikwëssenschaftlerin festgestallt.

Et géifen "erstaunlech vill Parallelen" tëscht der Sproochendebatt vun Ugangs den 1980er an haut ginn, seet d'Núria Garcia:

  • Kontext vu wirtschaftlecher Kris (Stolkris/Finanzkris)
  • Diskussioun iwwer Integratioun vun Auslänner an iwwer Auslännerwahlrecht (kommunal/national)
  • Reaktioun op eng gesellschaftlech Moderniséierung (DP-LSAP-Regierung 1974-1979 / DP-LSAP-déi gréng no 2013)
  • "Ausserparlamentareschen Impuls" vu "Sproochenaktivisten", déi virun allem eng symbolesch Opwäertung vum Lëtzebuergesche fuerderen (Aktioun Lëtzebuergesch/nee2015-Wee2050), mee et ginn och méi extrem an auslännerfeindlech Stëmmen
  • "Anti-elitistesch" Kritik un der Méisproochegkeet, a besonnesch um Franséischen
  • Et gëtt eng Relatioun tëscht Sprooch an "nationaler Identitéit" hiergestallt
  • D'Medie spillen eng grouss Roll fir d'Thema uewen op d'Agenda ze setzen

Sproochepolitik haut

D'Méisproochegkeet, wéi se haut hei am Land funktionéiert, wier d'Resultat vun "net geplangten" politeschen Entscheedungen, seet d'Fuerscherin. An bis haut géifen "d'Parteien eigentlech léiwer d'Hänn vum Thema loossen" - mat Ausnahm vun der ADR. An et wier dowéinst net méi kloer, wat fir eng Zilsetzung hannert der Sproochepolitik steet. A wat ee méi laang waart, fir doriwwer ze diskutéieren, wat et méi schwiereg géif ginn eppes ze änneren. A gläichzäiteg géif et d'Angscht ginn, datt wann een déi Diskussioun richteg ugeet, "ee vläit ganz déifgräifend Ännerunge misst virhuelen". D'Politik géif also versichen, sou wäit et geet um Status Quo festzehalen.

Vill Froe wieren "einfach ni oppe gestallt ginn". Zum Beispill, ob ee sech iwwerhaapt muss tëscht Méisproochegkeet engersäits an dem Lëtzebuergeschen anersäits entscheeden. An der politescher Landschaft géifen et "guer keng verschidde Visounen zum Thema ginn". An de Positioune vun de Parteien géif ee kaum Ënnerscheeder erkennen, ausser enger "ënnerschiddlecher rhetorescher Gewiichtung". Konkret Reformproposen, déi d'Tensioune kéinte léisen, géife feelen.

Et géif sech och d'Fro stellen, wéi dréngend d'Problemer sinn, déi di aktuell Sproochesituatioun mat sech bréngt. Engersäits wier et positiv, datt et zu Lëtzebuerg eigentlech "kee Kommunikatiounsproblem" géif ginn, well d'Leit vill Sproochen an och gemeinsam Sprooche kéinte schwätzen.

Anerersäits kéinte vill Mënsche net politesch participéieren, well déi politesch Sphär "de facto" eesproocheg wier. An am Schoulsystem wieren déi héich Erwaardungen a ville Sproochen fir vill Lëtzebuerger wéi och Net-Lëtzebuerger ee grousse Problem, esou d'Núria Garcia.

Eesproochegkeet als Léisung?

D'Polikwëssenschaftlerin zweiwelt dorunner, datt vill Leit sech géife wiere fir Lëtzebuergesch ze léieren. Et misst een awer sécher nach méi Méiglechkeete bidden, fir den Zougank zur Sprooch weider z'erliichteren. Do wier d'Wahrnehmung méi dramatesch, wéi déi eigentlech Realitéit. Ëmmer méi Leit géife Lëtzebuergesch schwätzen - dat wier also kee Problem, op deen d'Sproochepolitik prioritär misst reagéieren.

D'Initiativ "Nee 2015-Wee 2050" géif ënnert anerem eng méi grouss Präsenz vum Lëtzebuergeschen am ëffentleche Raum fuerderen. D'Fuerderung no enger méi staarker Unerkennung wier an engem méisproochege Land u sech näischt Problematesches, fënnt d'Núria Garcia. Problematesch géif et ginn, wann ee versicht duerch d'Sprooch Leit auszegrenzen.

Eng Méiglechkeet wier et, fir méi an d'Méisproochegkeet z'investéieren. Zum Beispill andeems ee méi op Iwwersetzung am politesche Raum setzt. An da kéint ee Lëtzebuergesch och méi staark enseignéieren. "Et gëtt net eng ideal Léisung", betount d'Núria Garcia. Mee et misst ee kucken, wéi eng Problemer entsti konkret duerch déi aktuell Sproochepolitik. Et wier falsch, fir Méisproochegkeet an Eesproochegkeet géintenaner auszespillen

Zur Persoun

D'Núria Garcia huet 2014 zu Paräis um "Institut d'Etudes Politiques" ("SciencesPo") een Doktorat iwwer d'Sproochepolitik ofgeschloss, mam Titel: "Gouverner les langues: l’institutionnalisation et la transformation de la politique d’enseignement des langues étrangères en France, en Allemagne et au Luxembourg".

Aktuell schafft si op der Uni zu Augsburg un engem europäesche Fuerschungsprojet iwwer d'Méisproochegkeet mat. Konkret mécht si e Verglach vun dräi Stied, "wou historesch zwou oder méi Sproochen offiziell waren a wou duerch Migratioun nach méi eng grouss Diversitéit entstan ass". D'Stad Lëtzebuerg gëtt verglach mat Barcelona a mat Riga. Hei géife sech ganz ähnlech Froe viru ganz aneren historeschen a politeschen Hannergrënn stellen. D'Zil ass et, fir den Zesummenhang tëscht Méisproochegkeet, Identitéit a gesellschaftlecher Cohäsioun nach besser ze verstoen. Dorausser soll och ee "Vademecum" - eng Zort Guide - entstoen, deen de Politiker d'Enjeue vun der Méisproochegkeet méi no soll bréngen.

2009 huet d'Núria Garcia fir "déi gréng" bei den Europawahlen kandidéitert. Haut ass si awer net méi politesch aktiv. De Choix fir eng wëssenschaftlech Lafbunn anzeschloen, wier net mat politeschem Engagement kompatibel. Wat awer net géif heeschen, datt si als Biergerin keng politesch Iwwerzeegungen hätt.