Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Guidéieren, net evaluéieren"

Flüchtlingen

"Guidéieren, net evaluéieren"

100 Wierder Lëtzebuergesch, e Basis-Cours an der Civic an een anere Sproochecours, zum Beispill am Franséischen. Am Mäerz huet d'Regierung en neie Programm fir d'Integratioun vun Asyldemandeuren agefouert. Firwat dës Coursen elo obligatoresch ginn, wëll den Educatiounsministère net kommentéieren. Kloer ass, datt d'Sproochecourse schonn elo e grousse Succès hunn.

auto_stories

3 min

Am leschte Schouljoer krute ronn 1700 Asyldemandeuren d'Méiglechkeet, fir a Sproochecoursen ze goen. "Ronn dausend Leit hunn dovunner profitéiert", esou den Erik Goerens, Direkter vum staatleche Service fir Erwuessenebildung. "Dat heescht, datt scho ganz vill Leit vun de Course profitéiert hunn, obwuel se bis elo net obligatoresch waren."

De geplangten obligatoresche Charakter vun de Sproochecourse geheit deemno och eng Rei Froen op. "Ech stelle mir d'Fro, wéi dat soll duerchgesat ginn", seet den Yves Schmidt vun der Caritas, "Ginn et Sanktiounen, wann eng Persoun net an déi Course geet? A wa jo, wéi eng?" Och beim OLAI, dem staatleche Service fir den Acceuil an d'Integratioun vu Flüchtlingen, mécht ee sech dorëms Gedanken. Detailer iwwert d'Sanktioune ginn awer eréischt am September presentéiert.

Zwou Phasen

Och d'Gesamtkonzept vum neie begleeten Integratiounsprozess ass nach net ganz ausgeschafft. Et gëtt nach un Detailer, fir déi praktesch Ëmsetzung geschafft, heescht et am zoustännege Ministère. Scho gewosst ass, datt d'Konzept zwou Phase soll hunn. Als éischt soll erausfonnt ginn, wéi eng Virkenntnesser eng Persoun schonn huet, also iwwerhaapt an d'Schoul gaangen ass oder d'laténgescht Alphabet kennt. An dëser Phas sollen all déi Leit, déi Asyl ugefrot hunn, hir éischt 100 Wierder Lëtzebuergesch léieren, seet den Erik Goerens.

Donieft organiséiert den OLAI e Cours vu 16 Stonnen iwwer d'Liewensweis zu Lëtzebuerg. Hei sollen och d'Rechter vun de Flüchtlingen an d'Gläichstellung tëscht Mann a Fra thematiséiert ginn.

Déi sproochlech Besoinen a Kompetenze gi während der éischter Phas analyséiert an en individuelle Profil erstallt. "Op Basis vun deem Profil ginn dann an der zweeter Phas Sproochecoursen ugebueden, déi op déi individuell Situatioun vun all Asyldemandeur zougeschnidde sinn", erkläert den Erik Goerens. Dëst ka vun einfacher Alphabetisatioun - fir Leit déi nach ni an der Schoul waren - bis zu intensive Coursen op Franséisch variéieren. "D'Iddi ass fir d'Leit net ze evaluéieren, mee ze guidéieren"

Franséisch am Mëttelpunkt

Datt déi franséisch Course weiderhin eng wichteg Roll spillen, freet och d'Auslännerorganisatioun ASTI. "D'Administration de l'emploi huet eis gesot: Ouni Franséisch leeft zu Lëtzebuerg näischt", seet de Siggi Koenig, Responsabel fir d'Sproochecourse bei der ASTI. "Eist Zil ass et jo, déi Leit sou séier wéi méiglech an e Circuit vu Kommunikatioun eranzekréien, fir datt se mat anere kenne schwätzen. An datt se iergendwann och kennen eng Aarbecht fannen."

Fir Persounen, déi awer scho gutt Franséisch kënnen, gesäit den Educatiounsministère nach weider Course vir. "Wa mir Leit hunn, déi scho gutt Franséisch oder Englesch kënnen, gesi mer alternativ Weeër vir. Déi Leit kenne sech dann iwwert eng "deuxième voie de qualification" weiderbilden oder nach aner Sprooche léieren", sou den Erik Goerens.

Besser Organisatioun

E Problem mat den aktuelle Sproochecoursen ass, datt se net an de Strukture selwer ugebuede ginn, an deenen d'Flüchtlinge liewen. Op enger rezenter Informatiounsversammlung zu Esch-Lalleng ass dat däitlech ginn. "Am Ufank hu mir mat Gestë kommunizéiert", erzielt d'Brigitte Rousseau, déi e jonke Refugié aus dem Afghanistan opgeholl huet. "Ech fannen, datt mir d'Coursen um Site selwer mussen ofhalen, fir de Kanner vill méi Chancen ze ginn."

De geplangte Programm fir d'Integratioun vun de Flüchtlinge gesäit esou eng Ännerung vir. "D'Basis-Coursen an der éischter Phas sollen direkt an de Strukture gehale ginn", präziséiert den Erik Goerens, "fir den zweeten Deel ass geplangt, datt mir déi Coursen an de Regiounen Norden, Süden an Zentrum ubidden." Sou wier et fir déi betraffe Leit och méi einfach, sech ze deplacéieren.