Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och de Bësch kënnt ënner Drock

Dréchent

Och de Bësch kënnt ënner Drock

Dem Lëtzebuerger Bësch geet et net gutt. Nëmme knapp 16 Prozent vun alle Bamzorten si komplett gesond. Besonnesch d'Bichen, eigentlech eng heemesch Aart, steet ënner Drock. E grousse Problem, deen dobäi kënnt, ass déi aktuell Dréchent. Besonnesch Fiichten, ma och d'Bichen leiden an stierwen of.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

Lauschterenplay_arrow


E puer Joer Dréchent hannertenee suergt vir vill Schued an de Bëscher. Dem leschte Bëschinventaire vun der Naturverwaltung no ass all zweete Bam zolidd geschiedegt. Dobäi kommen nach eemol 30 Prozent vu liicht geschiedegte Beem.

D'Ursaache sinn divers, ma d'Dréchent verbonne mat grousser Hëtzt huet hiren Impakt, esou d'Martine Neuberg, Responsabel fir d'Bëschservicer bei der Naturverwaltung:

"Am Fréijoer hat et relativ vill gereent, et muss een elo kucke wéi dat de Summer elo weider geet. Wann dat awer sollt esou weider goe wier dat sécher net gutt fir de Bësch, well d'Bëscher schonn déi Joren 2018 bis 2020 extrem Dréchente matgemaach hunn an nach geschwächt sinn. D'Beem huele jo net esou séier erëm op, déi brauchen e puer Joer bis datt si sech erëm erkritt hunn vun esou Evenementer."

Schued u Fiichten a Bichen

De Schued ass ënner de verschiddene Bamzorten ënnerschiddlech verdeelt. Nolebeem wéi Fiichten, déi wéinst hirem schnellen Holz heihin importéiert goufen, stierwen iwwerall am Land a grousser Zuel of. Och d'Biche leiden:

"Déi Bamarten, déi wierklech vill leiden, sinn d'Bichen, well déi Schwieregkeeten hunn u Waasser ze kommen. Dann haaptsächlech och déi Bamarten, déi iwwerflächlech Wuerzelen hunn - zum Beispill Fiichten, déi hunn hire Wuerzelsystem éischter an der ieweschter Buedemperipherie. Dat ass déi éischt, déi ausdréchent, esou datt déi Beem keen Nachschub u Waasser méi hunn."

D'Beem reagéieren esou, datt si hir Blatporen zoumaache fir d'Verdonstung ze stoppen - oder si werfen hir Äscht of.

E Géigemëttel gëtt et net wierklech. Plazeweis gëtt mat Bamzorten experimentéiert, déi méi resistent géint Hëtzt an Dréchent sinn. Déi mussen an eise Regiounen dann awer och Frascht kënnen iwwerstoen. A bis Resultater kënne gesi ginn, vergi Joren.