Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OECD-Etüd iwwert Integratioun: Gutt Fortschrëtter mee nach vill um Leescht

Educatioun

OECD-Etüd iwwert Integratioun: Gutt Fortschrëtter mee nach vill um Leescht

Enger Etüd no huet Lëtzebuerg zwar vill Instrumenter fir eng Integratioun vun Immigranten ze fërderen - mee si géifen engersäits net genuch an Usproch geholl ginn an anerersäits géifen och déi richteg Mëttel feele fir se ze evaluéieren. Dat ass d'Konklusioun vun der Etüd, déi de Familljen- an Integratiounsministère 2020 bei der OECD an Optrag ginn huet.

auto_stories

1 min

Lëtzebuerg hätt grouss Fortschrëtter a senger Integratiounspolitik gemaach, esou déi international Organisatioun. Dofir kréich de Grand-Duché eng gutt Nott - an awer bléif nach ganz vill ze dinn, esou den Thomas Liebig vun der OECD. Notamment am Beräich vum Aarbechtsmaart.

D'Offer am sproochleche Beräich misst méi divers ginn, esou den OECD-Analyst. Déi aktuell Programme wieren ze vill statesch. Et wier méi wichteg sproochlech Kompetenz-Ziler ze setze wéi d'Zuel u Sprooch-Stonnen ze definéieren, déi ee Kandidat muss maachen.

D'Integratioun vun Zouwandererkanner wier e weidert Theema an natierlech den Trilinguilismus zu Lëtzebuerg. Et misst een och den Afloss vu Reformen op Zouwandererkanner analyséieren a kucken datt déi schoulesch Leeschtungsschéier net ausernee geet.

D'OECD recommandéiert an hirem Rapport och datt Lëtzebuerg sech besser statistesch Outile gëtt, seet de Yves Breem. Den OECD-Analyst gesäit zwee Virdeeler Dat hätt engersäits de Virdeel, datt Mesurë méi geziilt kéinten analyséiert ginn an datt ee sech effikass mat anere Länner vergläiche kéint, déi änlech Probleemer haten.

D'Corinne Cahen hat d'OECD-Etude an Optrag ginn als Preparatioun fir en neit Integratiounsgesetz, dat d'nächst Joer soll prett sinn.