Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Money Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net konform mat OECD-Transparenzstandarden

Freeport

Net konform mat OECD-Transparenzstandarden

De Freeport, deen dëst Joer seng Dieren um Findel soll opmaachen, entsprécht net den internationale Transparenz-Standarden: d’Fräihandelszone garantéiert den Anonymat vun hire Clienten a risquéiert doduerch zu Steierhannerzéiung a Geldwäsch bäizedroen, sou den Direkter fir Steierfroen bei der OECD Pascal Saint-Amans am 100,7-Interview.

Pia Oppel

auto_stories

2 min

Den Direkter fir Steierfroen bei der OECD, Pascal Saint-Amans (©OECD)

Des Ausso wollt den Direkter vum Freeport op Nofro hinn net formell dementéieren. Den David Arendt präziséiert awer, dass d’Douane eng Kontroll mécht, wiem d’Wueren, déi am Freeport stockéiert ginn, effektiv gehéieren: wien also den sougenannten "bénéficiaire économique” ass. No wéi enge Standarden des Kontroll geschitt, huet den David Arendt net präziséiert.

De Freeport um Findel ass e Logistik-Hub, dee geduet ass fir Konschtwierker an aaner wäertvoll Gidder wéi Gold oder Wäin ze stockéieren. Viséiert sinn deemno räich Clienten, déi hiert Kapital an Luxusgidder investéieren. Fir kommerziell Aktivitéiten bannent dem Freeport gëtt keng TVA erhuewen. D'Fräihandelszone ass mam Gesetz vum 28. Juli 2011 an d'Lëtzebuerger Legislatioun agefouert ginn.

Lauschtert de Bäitraag vum Pia Oppel:

 

De ganzen Interview mam David Arendt, CEO vum Freeport: