D'Baueren hu grouss Problemer wéinst dem Offall, wéi Plastik, Aluminiumsbéchsen an anere Saachen, déi op de Wisen an dono am Hee landen. D'Metall an de Plastik gi vun de Béischte mat gefriess a kënnen dann am Mo vun de Kéi Verletzunge verursaachen, déi am schlëmmste Fall déidlech kënne sinn.
Dreck an d'Natur geheien ass illegal
Wann een dobäi erwëscht gëtt, kann een eng Geldstrof kréien. Zanter Mee vum leschte Joer bis Mäerz dëst Joer goufen där 272 ausgestallt. Am Ganzen geet et do ëm eng Zomm vun 33.000 Euro, déi iwwer dee Wee erakoumen, seet d'Ëmweltministesch. "Et ass wichteg de Leit ze soen, datt et een illegalen Akt ass, wann een eppes net an eng Poubelle geheit, mee an d'Natur oder op d'Strooss, an datt dat eppes ass, wat grav Konsequenzen huet", seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
De Problem vum Offall an der Natur bleift konstant
100 Milliounen Tonne Plastik, déi an de Mierer sinn an déi zu 100 Prozent vun der Äerd kommen, ginn duerch d'Flëss an d'Ozeaner mat geschwemmt. Hei zu Lëtzebuerg ginn de Staat an d'Gemenge pro Joer 2,4 Milliounen Euro aus fir d'Stroosseränner ze botzen. Déi Mass un Dreck bleift konstant an dat, trotz den Campagnen an Aktiounen, seet d'Ëmweltministesch.
Well dee Problem net ofgeholl huet, wéilt een iwwer dat ganzt Joer vill verschidden Aktioune maache fir drop hin ze weisen, datt een näischt einfach esou ewech geheie soll, esou d'Carole Dieschbourg.
Den Interview mat der Carole Dieschbourg