Offiziel Visite am Cap-Vert

Vum 10. bis den 12. Mäerz ass de Grand-duc Henri op offizieller Visite am Cap-Vert. Héichpunkt vun der Visite an der afrikanescher Insel-Republik ass d’Ënnerschrëft vun engem neie Kooperatiounsaccord. An deem Sënn reesen och de Kooperatiounsminister Romain Schneider an d’Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener mat.

Lëtzebuerg an de Cap-Vert verbënnt zanter de 60er Joeren eng enk Frëndschaft. Ronn 9.000 Persoune mat kapverdianeschen Origine liewen zu Lëtzebuerg. Se si bei wäitem déi gréissten afrikanesch Communautéit am Land a sinn e Beispill vun enger gelongener Integratioun am multikulturelle Lëtzebuerg.

Am Dossier vum Dag huet de Simon Larosche, mam João da Luz, President vun der Federatioun vu kapverdianeschen Associatiounen zu Lëtzebuerg ënnerhal:

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen