Offiziell : Marcel Funk verléisst Cargolux-Direktioun
De Marcel Funk huet dem Cargolux-Personal dëse 7. Abrëll matgedeelt, datt hie just nach bis Enn Abrëll Member vun der Generaldirektioun ass. Bis Enn 2015 bleift hie Salarié vun der Cargogesellschaft. Iwwer d’Grënn vu sengem Depart äussert hie sech net a sengem Mail. Wéi mer dat den 3. Abrëll gemellt hunn, a wéi mer dat nach eng Kéier confirméiert kruten, goufen et tëscht dem Marcel Funk an dem Generaldirekter Dirk Reich Meenungsverschiddenheeten.
Den eenzege Lëtzebuerger an der Generaldirektioun vun der Cargolux soll net domat averstan gewiescht si, datt den Dirk Reich mat den Auslagerunge bei Cargolux Italia e Sozialkonflikt provozéiert huet. Ob de Marcel Funk d’nächst Joer an d’Pensioun geet oder ob e bei eng aner Airline wiesselt, ass net gewosst.
Den Dirk Reich huet dem Personal an engem Mail matgedeelt, datt bis Enn Juni soll e Successeur fir de Marcel Funk fonnt ginn.
Matten an den Diskussiounen iwwer Spuermesure bei ënnert anerem de Piloten, huet 100,7-Informatiounen no iwwerdeems och de Sten Rossby, technesche Chef-Pilot vun der Cargolux, demissionéiert.