Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofgeschwächten Ofschlossversioun vum Text kéint Accord kréien

Leschten Dag vun der COP

Ofgeschwächten Ofschlossversioun vum Text kéint Accord kréien

Den Text wéi en den Ament steet kann den Accord vu knapp ënner 200 Länner kréien. A verschiddener vun deene Länner haten en Afloss wat Changementer ugeet. Zum Beispill gouf den Opruff all Kuel-Energie ze stoppen erausgeholl an och den Opruff fir d'Subsidë fir d'Fossil-Energie ze kierzen.

auto_stories

2 min

Eng nei, méi schwaach, Versioun vum Welt-Klimaaccord steet. Den Text gouf zu Glasgow public gemaach um leschten Dag vun der UN-Klimakonferenz. Negociateure gesinn am Accord wichteg positiv Entwécklunge mee Ëmweltorganisatioune gesinn den Afloss vun de Länner déi fossil Energie benotzen an exportéieren.

Et gesäit een op der Welt-Klimakonferenz grouss Desaccorden tëscht de räichen an den aarme Länner.

Et géif op Weltklimakonferenzen ëmmer zwee Gruppe vu Länner ginn, sou och den Jim White, Ëmweltminister vum Gabon a Chef vum afrikaneschen Negociatiouns-Grupp am 100,7-Interview. Säi Grupp wäert ëmmer fir méi Efforten am Klimaschutz plädéieren "well all 0,1 Grad manner bedeite fir eis Milliounen Afrikaner déi liewen oder stierwe wäerten. Och fir entwéckelt Länner gëllt dat mëttlerweil, well och do Leit wéinst dem Klimawandel stierwen."

Den Jim White, Ëmweltminister vum Gabon

Däitsch Ëmweltministerin weist Verständnis fir aner Länner

Déi däitsch Ëmweltministerin Svenja Schulze seet am 100,7-Interview, datt si zefridde mat der Ofschlosserklärung ass, och wann dës an de leschte 24 Stonnen nach verwässert gouf. Et wiere fir si och wichteg "Anker" dran, wéi zum Beispill de weltwäiten Ausstieg aus der Kuelkraaftenergie.

Si versteht och, datt Länner wéi Saudi-Arabien an Australien, déi vu fossilen Energië liewen, sech mat verschiddene Formulatioune vum Schlussaccord schwéier gedoen hunn, dofir hätt Däitschland probéiert fir Brécken ze bauen, sou déi däitsch Ëmweltministerin.

"Wir helfen ganz konkret Südafrika den Kohleausstieg so zu machen, dass er fair und gerecht ist. Und solches Unterhaken, Dinge gemeinsam tun, gemeinsam zeigen wie man da voran gehen kann."

Déi däitsch Ëmweltministerin Svenja Schulze

Grouss Industriestaate sinn de Probleem

Déi däitsch Ëmweltministerin hofft och, datt ee fir déi bedrohten Inselstaaten zefriddestellend Léisunge fanne kann.

"Das ist nicht nur für diese Klimakonfernz wichtig, sondern die Frage wie wir uns an Veränderungen anpassen können, die sind für alle weiteren Konferenzen zentral."

Generell hätt si awer natierlech den enormen Drock an déi grouss Erwaardungshaltung gespuert, sou déi däitsch Ëmweltministerin.

"Die grossen Volkswirtschaften sind die Ursache für den Klimawandel, die sind das grosse Problem und die müssen jetzt auch einen grossen Teil der Lösung sein."