Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofrëschtung eréischt no enger Katastroph?

Atomwaffen

Ofrëschtung eréischt no enger Katastroph?

Virfäll mat Atombomme sollen et an de leschte Joerzéngten iwwer 1.000 gi sinn. Datt et bis elo keng nuklear Katastroph gouf wier dacks pur Chance gewiescht, schreift den amerikanesche Journalist Eric Schlosser a sengem Buch “Comand and Control”. D’Verhandlungen ëm d’Ofrëschtung vun Atomwaffe kommen net vum Fleck. Russland an d’USA dreeë souguer, ee vun de wichtegste Verträg an deem Beräich ze kënnegen.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock/meawnamcat

Eng Welt ouni Atomwaffen: dat wier en Ziel, fir dat een antriede misst, sot den amerikanesche President Barack Obama 2009 an enger Ried. Ee Wonsch, deen net einfach ëmzesetzen ass. Zënter Enn 1960er-Ufank 1970er Joren, also nach während dem Kale Krich, ginn et Verhandlungen a Verträg iwwer d’Ofrëschtung oder d’Limitatioun vun Nuklearwaffen.

Zum Beispill de multilateralen Atomwaffe-Späervertrag, oder d’Strategic Arms Limitation Talks (SALT) tëschent den USA an der deemoleger Sowjetunioun. Datt d’Atommuechten USA, Russland, Groussbritannien, Frankräich a China hir Atombommen opginn, sou wéi se dat eigentlech versprach hunn, ass onrealistesch, mengt den Oliver Meier vun der Stiftung Wissenschaft und Politik.

"Kënnegung vum INF-Vertrag kéint grouss Konsequenzen hunn"

Ee vun de wichtegsten Ofrëschtungsverträg ass den INF-Vertrag (Intermediate Range Nuclear Forces) tëschent Russland an den USA. Dee Vertrag, deen 1987 nach zur Zäit vun der Sowjetunioun ënnerschriwwe gouf, verbitt Mëttelstrecken-Atomrakéiten. Béid Staaten haten doropshin hir respektiv Waffenarsenaler an Europa reduzéiert. Elo beschëllegen se sech géigesäiteg, géint de Vertrag verstouss ze hunn. "Sollt d’Ofkommen opgeléist ginn, kéint dat grouss Konsequenzen hunn", seet de Giorgio Franceschini vum Leibniz-Institut für Friedens- und Konfliktforschung.

Fir Europa wier et keng confortabel Perspektiv, z’observéieren, datt ee vun den zentrale Volete vun der europäescher Stabilitéit eventuell kéint ausernee briechen. “Nach si weder westeuropäesch Rakéiten op Russland geriicht, nach russescher op West- a Mëtteleuropa. Leider kënne mer net ausschléissen, datt dat sou wäert bleiwen. An dat misst eis all beonrouegen”, seet de Fuerscher.

"Ofrëschtung ass ee ganz penibelt Geschäft"

Iwwerhaapt sinn d’Ofrëschtungsverhandlunge schwiereg. Néng Staaten hunn Atomwaffen, dorënner och Nordkorea, Pakistan oder Indien. U Verträg iwwert d’Limitatioun vun Atombomme sinn eleng d’USA a Russland gebonnen, erkläert den Oliver Meier. “Nuklear Ofrëschtung ass ee ganz penibelt Geschäft. Nëmmen ee klengen Deel vun den Atomwaffe ginn iwwerhaapt duerch Verträg limitéiert”.

An Zuelen ausgedréckt, ginn et haut vill manner Atomwaffe wéi nach virun drësseg Joer. Während dem Kale Krich goufen et weltwäit 70.000 atomar Sprengkäpp. Haut ginn et der nach ronn 15.000, heescht et am Joresrapport vum Institut fir Friddensfuerschung SIPRI. Allerdéngs huet d’Sprengkraaft vun de Bommen an de leschte Joren zougeholl, seet de Fuerscher Giorgio Franceschini. “Déi amerikanesch, russesch a chinesesch Atomrakéiten a Sprengkäpp ginn ëmmer besser, ëmmer méi genee, ëmmer méi effektiv. Och wann et der manner gëtt, si se am grousse Ganze méi geféierlech an - militäresch gesinn - méi nëtzlech”.

"Da géifen der vill entdecken, wat Nuklearwaffe bedeiten”

Geet dësen Trend weider, da besteet de Risiko, datt sech eng Zwouklassegesellschaft entwéckelt, mengt den Oliver Meier: engersäits Staate mat, anerersäits Staaten ouni Atomwaffen. D’nächst Joer wëlle méi wéi 100 Staaten ufänken, iwwert e Verbuet vun Nuklearwaffen ze verhandelen. Datt un där Konferenz och Atomstaaten deelhuelen, hält den Expert fir onrealistesch. De Gruef tëschent deenen engen an deenen anere Staate kéint nach méi grouss ginn. “D’Frustratioun vu ville Staaten ass an Tëschenzäit sou grouss, datt se een totale Verbuet ustriewen, och fir d’Atomwaffe-Staaten ënner Drock ze setzen”, sou de Meier.

Eng Welt ouni Atomwaffen hält den Giorgio Franceschini awer fir méiglech. Op alle Fall wier et derwäert, dofir ze kämpfen. “Sollt et am 21. Joerhonnert eng Explosioun ginn, sief et onfräiwëlleg, sief et duerch eng terroristesch Attack oder ee staatlechen Ugrëff, da géifen der vill entdecken, wat Nuklearwaffe bedeiten”. Et bräicht ee méiglecherweis esou eng militäresch Nuklearkatastroph, ier méi séier ofgerëscht gëtt, bedauert den Expert. Dat kéint en ähnlecht Ëmdenke provozéiere wéi den Katastrophe vun Tschernobyl oder Fukushima. Déi hätten e groussen Impakt op den Image vun der Atomenergie gehat, sou den Giorgio Franceschini.