Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofstëmmung iwwer Accord an dräi Wochen

Chamberwahlen 2018

Ofstëmmung iwwer Accord an dräi Wochen

DP, LSAP a Gréng wëllen hir jeeweileg Gremien an ongeféier dräi Wochen iwwer de Koalitiounsaccord ofstëmme loossen. Dat si mir a gutt informéierte Kreesser gewuer ginn. Den informelle Stéchdatum ass de 6. Dezember.

auto_stories

1 min

Déi dräi Gremie sollen zäitgläich sinn. Den Datum gëtt net offiziell confirméiert, well de Koalitiounsprogramm nach net steet. Et sinn nach fënnef Verhandlungsreuniounen am grousse Krees virgesinn, déi viraussiichtlech lescht ass den 28. November. Wa keng thematesch Schwieregkeete méi opdauche, ginn d'Gremien aberuff.

Bei der DP muss e Comité directeur iwwer de Koalitiounsaccord ofstëmmen. Dee ka kuerzfristeg organiséiert ginn. Och d'Kongresser vun déi gréng a vun der LSAP kéinte kuerzfristeg aberuff ginn, heescht et. Et gëtt e virleefege Konsens fir eng Regierung mat 17 Memberen: 6 fir d'DP, 6 fir d'LSAP a 5 fir déi gréng.


Wahrscheinlechst Opdeelung (Stand: 16. November)

Regierungsmemberen

DP: Xavier Bettel, Corinne Cahen, Pierre Gramegna, Claude Meisch, Lex Delles, Marc Hansen

LSAP: Etienne Schneider, Jean Asselborn, Dan Kersch, Taina Bofferding, Romain Schneider, Tess Burton

déi gréng: François Bausch, Sam Tanson, Felix Braz, Carole Dieschbourg, Claude Turmes

EU-Kommissär: Nicolas Schmit

Chamberpresident: Fernand Etgen

Fraktiounscheffen

LSAP: Georges Engel

Gréng: Josée Lorsché

Spëtzekandidate fir d'Europawahle vum 26. Mee

DP: Charel Goerens

LSAP: Nicolas Schmit

déi gréng: Tilly Metz