Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: "D'Kannergeld muss ëm 7,7 Prozent gehéicht ginn"

Gesellschaft

OGBL: "D'Kannergeld muss ëm 7,7 Prozent gehéicht ginn"

Den OGBL fuerdert datt d'Kannergeld ëm bal 8 Prozent gehéicht gëtt. Dat wier néideg fir de Verloscht u Kafkraaft auszegläichen, deen an de leschte Joren entstanen ass, esou d'Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond. D'Nora Back betount, d'Regierung hätt schonn 2014 versprach d'Kannergeld nees un den Index ze koppelen.

auto_stories

1 min

Dat wier awer net geschitt, an dofir géif et net duergoen d'Kannergeld um Ufank vum nächste Joer nees un den Index ze bannen, esou wéi d'Regierung et versprach huet. D'Nora Back wëllt sech dofir en Dënschdeg an enger Reunioun tëscht der Regierung an de Gewerkschaften fir eng méi däitlech Hausse vum Kannergeld asetzen.

Als Chambre des Salariés hätt een eng Proposition de Loi gemaach fir d'Kannergeld ze erhéijen, sou d'Nora Back. Den OGBL fuerdert dofier, datt nieft der Re-Indexéierung vum Kannergeld och de Verloscht den an de leschte Joren entstan ass ausgeglach gett. D'Kannergeld misst dofir em 7,7 Prozent gehéicht ginn, esou d'Nora Back.

"An do si mer just zeréckgaange bis 2014, wou den Accord mat der Regierung ënnerschriwwe ginn ass, an net bis 2006, wou de Verloscht ugefaangen huet kontinuéierlech ze klammen. Wa mer just 2014 bis haut kucken, da si mer bei enger Erhéijung vu 7,7 Prozent vum Kannergeld, déi misst passéieren."

Zënter 2006 hätte virun allem Famillen een enorme Kafkraaftverloscht erlidden. D'Regierung misst dofir een Ausgläich schafen, fir déi Joren déi verluer gaange sinn.