Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL kritesch zu den Ännerunge vum Kannergeld

Néideg Gesetzesännerung

OGBL kritesch zu den Ännerunge vum Kannergeld

Frontaliere géife weiderhi bei de proposéierten Ännerunge beim Kannergeld benoodeelegt ginn, kritiséiert den OGBL. D'Recht op Kannergeld soll an Zukunft am Prinzip dovunner ofhänken, ob d'Elteren hei am Land bei der Sécurité Sociale affiliéiert sinn.

auto_stories

4 min

D'Nora Back ass Presidentin vum OGBL. Foto: Archiv

Momentan huet all Kand dat hei am Land lieft, egal a wéi enger Situatioun seng Eltere sinn, automatesch en Urecht op Kannergeld. D'Recht op Kannergeld soll an Zukunft awer fir d'Residenten, d'selwecht ewéi elo scho fir d'Frontalieren, dovunner ofhänken, ob Elteren hei am Land bei der Sécurité Sociale affiliéiert sinn.

D'Corinne Cahen zu der Reform vum Kannergeldplay_arrow

Et géife just dräi Kategorie vun Eltere ginn, déi keen Urecht op Kannergeld hunn, erkläert d'Familljeministerin Corinne Cahen: Kanner vun Europabeamten, vu Studenten a vu räiche Leit, déi decidéieren, net bei der Sozialversécherung ze cotiséieren. D'Zukunftskeess kéint awer hei zum Deel Ausname maachen, beispillsweis wann zwee Studenten e Kand kréien: déi kéinten an deem Fall Kannergeld kréien.

D'Gesetz muss ugepasst ginn

Eng Upassung vum Gesetz ass néideg wéinst engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff. Deen hält et fir eng Diskriminatioun, datt hei am Land all Kand Urecht op Kannergeld huet, egal wéi seng Familljesituatioun ass - wärend bei de Frontalieren eng méi restriktiv Approche gëllt: Kanner, déi bei engem Frontalier am Stot liewen, mee keen direkte Filiatiouns-Lien zu dëser Persoun hunn, sinn ausgeschloss.

Kritik vum OGBL zu der Reform vum Kannergeldplay_arrow

Si sollen der proposéierter Reform no och ausgeschloss bleiwen. Amplaz soll dann elo och hei am Land d'Kannergeld net op d'Kand bezu ginn, mee op d'Elteren, an deenen hir Affiliatioun bei der Sécurité Sociale. Dat schaaft méiglecherweis nei Problemer, seet d'OGBL-Presidentin Nora Back:

"Zum Beispill ee Chômeur, deen um Enn vu sengem Droit d'indemnité ass, wier juristesch gesinn an eisen Aen och ausgeschloss. Et kéinten awer och Leit an engem Congé sans solde ausgeschloss sinn. Et wieren aner Fäll vun Interimairen, déi net genuch Stonnen an der Woch beschäftegt sinn."

Der Diskriminatioun en Enn setzen

Amplaz nei juristesch Problemer ze schafe misst een der Diskriminatioun vun de Frontalieren en Enn setzen, fuerdert d'OGBL-Presidentin. Et kéint ee kloer Reegelen opsetzen, wéi eng Kanner vu Frontalieren dann Urecht op d'Kannergeld hunn:

"Do ginn et och Méiglechkeeten als Menage dat nozeweisen, a wou d'Charge vun der Preuve beim Menage läit, fir ze weisen, dat do ass ee Kand, wat bei mir lieft, a wou ech mech drëm këmmeren a wou ech dofir opkommen an dofir och Kannergeld zegutt hunn. Dat wier sécherlech ze verhënneren, datt hei Abuse kéinte bedriwwe ginn."

"Frontaliere ginn ausgeschloss"

An der Familljepolitik géif ëmmer nees versicht ginn, d'Frontalieren auszeschléissen, kritiséiert d'OGBL-Presidentin. Déi selwecht Diskussioun wier scho bei de Cheques-Services an de Studentebourse gefouert ginn.

D'Corona-Pandemie hätt gewise wéi wichteg d'Grenzgänger fir Lëtzebuerg wieren. "An da kascht et ebe wat et kascht." Den OGBL wëllt net gëlle loossen, datt aus Käschtegrënn ee faule Kompromëss sollt gesicht ginn.

D'Nora Back bedauert, datt d'Gewerkschafte bis ewell net consultéiert gi wieren. Et hätt een elo eng Entrevue mat der Familljeministerin ugefrot.

"Dat kréiche mer guer net kontrolléiert"

Fir déi meescht Residente géif an der Praxis also näischt änneren, betount d'Corinne Cahen. Dee ganzen Opwand gëtt bedriwwen, fir den Export vum Kannergeld u Frontaliere méi restriktiv kënnen ze reegelen - an domadder een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff ze ëmgoen.

Well deen huet fonnt, datt mam aktuelle legale Kader Kanner, déi bei engem Frontalier am Haushalt liewen, mee net seng sinn, och Kannergeld misste kréien: dat misste mol net d'Kanner vum Conjoint sinn, seet d'Corinne Cahen, dat kéinte beispillsweis och Enkelkanner sinn. "Dat heescht mir géifen do eppes opmaachen, wat enorm ass, a wat mir guer net hei kontrolléiert kréichen", gëtt d'Familljeministerin ze bedenken.

D'DP-Familljeministerin seet sech dann zouversiichtlech, datt hir Léisung konform mam europäesche Recht ass. Éier ee Gesetzprojet deposéiert gëtt, sollen alleguerten d'Parteien aus der Chamber hiren Avis zur Propos ofginn.