Déi Fro misst no der Kris geklärt ginn, esou d'Nora Back. Si fuerdert, datt Patronat an d'Gewerkschaften sech no der Kris zesummesetzen an dann am Kader vun de Kollektivverträg no Ausweeër aus der Kris sichen.
"Et ass dach elo net de Moment fir iwwer de Congé collectif ze schwätzen. An de Leit elo schonn ze soen: Dir hutt am Summer, wann dann erëm alles soll ulafen, hutt dir kee Recht Congé ze huelen. Dat muss dann diskutéiert ginn, wann et esou wäit ass."
Ännerungen un der Aarbechtszäit just no Ofsprooch mat Gewerkschaften
Den OGBL fuerdert, datt och an der Kris mat de Gewerkschafte geschwat gëtt, wann eppes un den Aarbechtszäite geännert gëtt. Datt wärend der Kris a verschiddene Secteure bis zu 60 Stonnen an der Woch ka geschafft ginn, wier net am Accord mat de Gewerkschaften decidéiert ginn, sou d'OGBL-Presidentin.
D'Nora Back seet, et kéint een zwar verstoen, datt z. B. am Gesondheetssecteur am Moment méi laang muss geschafft ginn. Verlängerunge vun den Aarbechtszäite missten awer och an der Kris mat de Gewerkschaften ofgeschwat ginn. D'Aarbechtszäite vun de Leit ze verteidegen an hirer Aarbechtswelt an dofir ze suergen, datt si net ze vill schaffen, wier eng vun den Haaptaufgabe vum OGBL.
"A wann d'Aarbechtszäite sollen touchéiert ginn. Da muss dat am Gespréich mat de Gewerkschaften a mam Salariat passéieren."
"Net de Moment fir ze streiden"
Krisenzäite sinn aussergewéinlech Zäiten. Och fir d'Gewerkschaften. Déi hunn an de leschte Deeg eng ganz Rei Decisioune matgedroen, déi se an normalen Zäiten ni géifen acceptéieren. Dat wier schwiereg, mee "et ass net de Moment fir ze streiden. Mir mussen elo solidaresch sinn. Mir mussen zesummenhalen an net ufänke Konflikter sichen ze goen", sou d'Nora Back. Dat wier e permanenten Drahtseilakt. Eng vun den Haaptprioritéite wier dobäi de Schutz vun den Aarbechtsplazen.
Et wier der Nora Back no och méiglech, datt kee seng Aarbechtsplaz wärend der Kris verléiert. Den Engagement vun der Regierung begréisst d'Nora Back.
"Dat ass wichteg, a mir ënnerstëtzen och all d'Hëllefe vum Staat un d'Betriber. Mee da muss och de Salariéë gehollef ginn. E Betrib, dee staatlech Gelder kritt fir iwwer déi Kris ewech ze kommen, dee kann net gläichzäiteg Leit entloossen. Dat ass net méi fair vis-a-vis vun de Leit. Dofir ass et absolutt méiglech ze soen: Et gëtt wärend dem Etat de Kris keen entlooss."